Remembrement ministériel Eenzel Proprietäre sollen net méi Ausbau vu ganze Quartiere blockéiere kënnen

Claude Zeimetz
10 Joer huet et gedauert, fir de Remembrement ministériel ëmzesetzen. An Zukunft soll den Inneministère dofir méi Pouvoire bei Bauprojete kréien.
© Symbolbild

Mat dëser Mesure soll verhënnert ginn, datt eenzel Proprietären duerch hiren individuelle Widderstand den Ausbau vu ganze Quartiere blockéiere kënnen. D'Chamber huet e Mëttwoch de Mëtteg mat grousser Majoritéit gréng Luucht gi fir de sougenannten "remembrement ministériel". Den techneschen Outil gëtt dem Inneminister d'Méiglechkeet vir, am kollektiven Interessi, PAPen ze deblockéieren andeems e selwer Terrainen tausche kann, déi fir e Bauprojet gebraucht ginn. Den Inneminister Léon Gloden rechent domadder, datt e pro Joer wuel bei 5 Projeten déi Kaart wäert zéie mussen. Den CSV-Politiker huet a senger Interventioun donieft ausdrécklech bedauert, datt et bal 10 Joer gedauert huet, bis d'Mesure a Musek ëmgesat konnt ginn. An dat an Zäiten, an deene Wunnenge knapp sinn.

“Et ass ganz kloer. Mir brauchen Bauterrainen. An duerfir brauche mer onbedéngt deen Aspekt vum Remembrement ministériel. Och ech als fréiere Buergermeeschter hunn do meng Erfarunge mam Remembrement gemaach.”

Déi zoustänneg Servicer kënnen déi technesch Detailer vun Remembrement an enger detailléierter Broschür noliesen an där déi ganz Prozedur erkläert ass. D'Oppositioun huet un d'Majoritéit appelléiert wgl. wierklech duerfir ze suergen, datt an der Praxis dann och méi Wunnenge gebaut kënne ginn.

D'Schreiwes vum Inneministère

Back to Top
CIM LOGO