Aus dem PolicebulletinMann reprochéiert Spadséiergänger Hond geklaut ze hunn, en aneren huet säi Mupp geschloen

Bakir Demic
En Dënschdeg hat d'Police et am Laf vum Dag mat enger Rei Persounen ze dinn, déi sech an der Ëffentlechkeet donieft beholl hunn. An zwee Fäll stounge Muppen am Mëttelpunkt.
© Pixabay

Géint 18 Auer krut d'Police e Mann gemellt, deen dobäi erwëscht gouf, wéi en eng Alkoholfläsch aus engem Akafszenter zu Uewerpallen klaue wollt. Hien huet dat selwescht duerno am Geschäft vun enger Pompel versicht an dobäi eng futti gemaach. Wéi Sécherheetsleit en drop ugeschwat hunn, huet e sech aggressiv verhalen an no hinne geschloen. Beamten hunn de staark alkoholiséierte Mann ugetraff an an eng Ausniichterungszell bruecht, wou hie géint d'Dier urinéiert huet.

E weidere staark alkoholiséierte Mann huet owes géint 23 Auer an der Urgence vum CHL misse berouegt ginn. Hien hat sech Patienten a Soignanten, ma och Policebeamte géigeniwwer aggressiv verhalen.

Quasi zäitgläich dann e Virfall op der Lëtzebuerger Strooss zu Dondel: E Mann, dee mat sengem Hond spadséiere war, gouf vun engem anere Mann verfollegt, deen him reprochéiert huet, en hätt säi Mupp geklaut. Et koum zu enger kierperlecher Ausenanersetzung tëscht deenen zwee, bei där de Spadséiergänger blesséiert gouf. De Mann, deen d'Reprochë gemaach huet, war extreem alkoholiséiert an huet sech Policebeamte géigeniwwer onkooperativ verhalen. Seng Virwërf géint de Spadséiergänger konnten net iwwerpréift ginn.

Zu engem weidere Virfall, och um 23 Auer an nees mat engem Mupp am Mëttelpunkt, koum et op der Héicht vum Parkhaus virum Stade de Luxembourg zu Zéisseng. Och hei war nees en aggressive Mann gemellt ginn, dee säin Hond geschloen huet. Dëst huet en och virun de Beamte gemaach. Domadder konfrontéiert wollt sech de Mann weiderhin net asiichteg weisen. De Mupp gouf op Uerder vum Parquet beschlagnaamt a vun engem Veterinär wéinst enger klenger Blessur kontrolléiert ier an en Déierenasyl bruecht gouf.

Back to Top
CIM LOGO