ChamberplenièreKritik un der Krisekommunikatioun beim Feier am Héije Venn

Monica Camposeo
Esouwuel vun der CSV- wéi och vun der LSAP-Sektioun koum d'Reproche, dass ze spéit iwwer SMS gewarnt gi wier.

Um Enn vun engem ganzen Dag Chamber-Debaten ass um Mëttwochowend iwwert den Ëmgang vun der Regierung an den Autoritéite mam uerge Brand am Héije Venn diskutéiert ginn.

Kritik un der Krisekommunikatioun beim Feier am Héije Venn / Monica Camposeo

D'CSV-Fraktioun hat d'Aktualitéitsstonn ugefrot. D'Stéphanie Weydert wollt wëssen, wéi gutt Lëtzebuerg virbereet wier, wann esou e grousse Bëschbrand hei am Land géing geschéien. Auslännesch Touristen, déi mat engem däitschen Netz verbonne waren, kruten um Samschdeg, de 15. August, schonn eng Warn-SMS. Fir d'Leit am Lëtzebuergeschen Netz, also d'Residenten aus dem Grand-Duché, koum näischt, bedauert d'CSV-Deputéiert a Buergermeeschtesch vu Rouspert-Mompech. Déi éischt SMS vun LU-Alert hätt si eréischt Sonndegmëtte kritt.

Och d'LSAP-Deputéiert Taina Bofferding huet d'Krisekommunikatioun kritiséiert. Eleng eng modern Technologie wier kee Garant fir eng gutt Gestioun. Eng Warnung muss och mat Zäite kommen an de Leit onmëssverständlech soen, wat si solle maachen, esou d'Taina Bofferding. Si erënnert dorunner, dass den HCPN, also den Haut commissariat à la protection nationale, och den Optrag huet, Krisen ze antizipéieren. D'Gefor vu Bëschbränn war bekannt, d'Fro wier dowéinst, wat den HCPN aus eegener Initiativ an d'Weeër geleet huet respektiv fir eventuell nächst Bëschbränn virbereet huet.

Nach kee konkrete Plang fir esou Fäll

Nach gëtt et kee konkrete Plang fir esou e Fall, huet den Inneminister Leon Gloden geäntwert. Ma dee gëtt elo awer vum HCPN ausgeschafft. Donieft gëtt och eng Zort Stand-by fir d'Zerwisser agesat, fir dass ëmmer een disponibel ass, fir séier ze reagéieren. Den Inneminister Léon Gloden huet dann nach an der Chamber erkläert, dass all Fall eenzel evaluéiert an deementspriechend agestuuft gëtt.

Beim Feier am Héije Venn an der Dampentwécklung, déi sech dorausser iwwert eisem Land erginn huet, gouf déi gréng Stuf fir Lëtzebuerg deklaréiert. Dës Stuf gesäit just eng Warnung um Internetsite vir. Dat wéilt hien awer elo änneren an och bei esou Fäll, déi keng direkt Gefor mat sech bréngen, schonn eng Warn-SMS declenchéieren. Am Text kéint ee jo da kloer erklären, dass et keng imminent Gefor géif ginn, esou de Minister.

De Michel Lemaire vun der ADR huet awer ugemierkt, dass eng richteg Evaluatioun nëmme méiglech ass, wann een déi richteg Donnéeën huet. Am Éislek feelt et awer un enger entspriechender Miessstatioun, wéi een och un de Simulatiounen aus der Belsch konnt gesinn. Do wou Lëtzebuerg ufänkt war nämlech op eemol wéi eng "magesch Grenz", esou de Michel Lemaire, einfach well keng Donnéeën do waren fir d'Loftqualitéit ze bestëmmen. Och dorunner wéilt ee schaffen, huet den Inneminister geäntwert.

Et feelt un adaptéierte Schutzmechanismen

D'Josée Lorsché vun déi Gréng huet d'Regierung dozou opgeruff, aus der Situatioun am Héije Venn ze léieren. D'Kommunikatioun hätt gewisen, dass een net virbereet war. Besonnesch d'Leit, déi dobausse schaffen an net einfach d'Fënstere konnten zoumaachen an dobanne bleiwen, wieren net genuch geschützt ginn. Dat huet och de Gary Diderich vun déi Lénk a senger Ried ugemierkt. Lëtzebuerg wier allgemeng net gutt opgestallt, wat d'Aarbechtsrecht an esou Fäll ugeet.

Den Inneminister Léon Gloden huet géintiwwer den Deputéierten nach gesot, dass hien dacks awer och de Reproche kréich, dass ze fréi oder fir soi-disant Klengegkeete géing gewarnt ginn. Zum Beispill wann Iesse fir Puppelcher zeréckgeruff gëtt. Och wann net jidderee concernéiert ass, wier et wichteg ze warnen, well d'Gefor, dass engem Bëbee eppes kéint geschéien, däitlech méi schlëmm ass.

Och am Fall vum Feier am Héije Venn wier et einfach duerno ze wëssen, wat ubruecht war, eosu de Marc Goergen vun de Piraten. Et kéint een et net jidderengem Recht maachen, fir déi eng Persoun gëtt ze fréi gewarnt, fir déi aner net fréi genuch. An esou eng Situatioun wäert sécherlech erëmkommen, esou de Piratendeputéieren.

Neit Equipement fir besser virbereet ze sinn

Mam Rheinland-Pfalz keeft Lëtzebuerg dann elo e Läschboot, dat zu Mäertert wäert stoen. Dat géing zum groussen Deel vun der EU finanzéiert ginn, sot de Minister Léon Gloden. E Läschfliger hätt fir Lëtzebuerg awer wéineg Sënn, huet et op d'Nofro vum DP-Deputéierte Luc Emering geheescht, well een dofir och déi néideg Waasserfläche brauch, wou de Fliger starten a Waasser ophuele kann, fir dann domadder kënnen ze läschen. Den Energieminister Serge Wilmes war fir d'Aktualitéitsstonn iwwer d'Feier am Héije Venn net an der Chamber present.

Back to Top
CIM LOGO