
Géint 17:30 Auer war tëscht Kielen an Ollem eng Persoun mat hirer Trottinett gefall. Am Asaz waren de Samu an d'Ambulanz aus der Stad, grad esou wéi d'Pompjeeë vu Kielen.
Op der Diddelenger Autobunn A3 war et um 19:20 Auer, kuerz no der Grenz, zu engem Accident komm, an deen zwee Gefierer verwéckelt waren. Dobäi sinn zwou Persoune blesséiert ginn. D'Pompjeeën an d'Ambulanze vu Keel an Diddeleng waren op d'Plaz.
Keng zéng Minutte méi spéit hat et op der Areler Autobunn A6 a Richtung Lëtzebuerg gerabbelt. No der Sortie Helfent war et eng Kollisioun tëscht zwee Autoen, an där och zwou Persoune blesséiert gi sinn. D'Pompjeeën an d'Ambulanz aus der Stad waren dohi fir ze hëllefen.
Kuerz no 20:30 Auer war et e weideren Accident op der A3, wéi tëscht dem Beetebuerger Kräiz an Diddeleng en Automobilist bäigaange war. D'Pompjeeë vu Beetebuerg an Diddeleng, grad esou wéi déi Beetebuerger Ambulanz waren do am Asaz. Et blouf awer beim Materialschued, grad esou wéi bei engem Motorradsaccident géint 22:30 an der Stater Avenue Pasteur.
Ausserdeem hat et um Mëttwochowend nach zweemol gebrannt. Zu Ouljen an der Rue de Flaxweiler war géint 20:20 Auer eng elektresch Pris a Brand geroden. Ëm déi selwecht Zäit hat tëscht Miedernach a Steeën eng Poubelle gebrannt. D'Pompjeeë aus dem Ärenzdall, aus der Fiels a vu Menster ware jeeweils dohin, fir ze läschen.