
Zum Beispill d’Reduktioun vun der TVA. De Käschtepunkt läit bei ronn 352 Milliounen Euro.
Déi deierst Moossnam ass ouni Zweiwel, datt d’TVA ëm ee Prozent erofgesat gëtt. De Finanzministère huet ausgerechent, datt dat 317 Milliounen Euro kascht.
Déi temporär Reduktioun gëllt vum Januar un, um normalen Taux vun aktuell 17 Prozent, um Taux Intermédiaire vu 14 Prozent an um reduzéierten Taux, deen elo nach bei 8 Prozent ass.
De super reduzéierten Taux vun 3 Prozent, deen notamment op de Liewensmëttel ass, bleift onchangéiert De Marc Goergen vun de Pirate wollt wësse firwat.
“Do ass et d’Fro un d’Finanzministesch firwat, datt der grad bei de Liewensmëttel, deen Taux net erof gesat hutt op 2 Prozent. Et ass eigentlech dat, wat de Besoin am Alldag vun de Leit ass. Vu 17 op 16, dat sinn d’Autoen, et ass zum Deel Alkohol, Zigaretten an all Méigleches. Mä de Besoin vum Alldag hutt der net mat erof gesat. Firwat ass net dodru geduecht ginn?”
D’Finanzministesch Yuriko Backes hat eng kuerz Äntwert parat.
“Wat déi 3 Prozent ugeet, dat war e Kompromëss an de Verhandlungen. Fir de Käschtepunkt hu mer jo awer och trotzdeem e bësse misste kucken.”
Méi wéi eemol gouf an der Diskussioun ënnerstrach, datt et wichteg ass, datt d’Reduktioun iwwerhaapt um Enn beim Konsument ukënnt. De Gilles Roth vun der CSV.
“D’Entreprisë kréien hei déi TVA Reduktioun, déi se kënnen applizéieren, wouduerch hir Produiten natierlech méi intressant sinn. Ech denken do zum Beispill un Autoen oder un de Bau, well do spillt se am meeschten. D’Entreprisë mussen awer och matspillen, fir datt d’Inflatiounskurv no ënne ka gefuer ginn, well soss ass der Saach näischt gedéngt.”
D’Fraktiounscheffin vun déi Gréng huet op d’Situatioun an Däitschland verwisen, wou d’TVA um Ufank vun der Pandemie temporär erofgesat gouf.
Do hätt d’Moossnam en Effekt op d’Inflatioun gehat, wéi sech dono erausgestallt hätt.