Viru 5 JoerÉischte Covid-Patient zu Lëtzebuerg

Diana Hoffmann
Et war den 29. Februar 2020, dass urgent Owes eng Pressekonferenz aberuff gi war. Bei enger Persoun war Covid 19 detektéiert ginn.
Viru 5 Joer: Éischte Covid-Patient zu Lëtzebuerg
Et war den 29. Februar 2020, dass urgent Owes eng Pressekonferenz aberuff gi war. Bei enger Persoun war Covid 19 detektéiert ginn.

Enn 2019 gouf en neie Virus a China entdeckt, deen zu der Covid19 Pandemie gefouert huet. E Virus, dee sech rasant verbreet huet. An ëmmer méi no och un d’Grenze vum Grand-Duché komm ass. «Mir woussten, dass mer eis missten terribel oprëschten a preparéieren, op dat wat géing kommen», seet den Dr. Emile Bock, Urgentiste op der Intensivstatioun um Kierchbierg, 5 Joer méi spéit. Deemools wieren et Projektioune ginn, dass 15 Prozent vun de Leit géingen hospitaliséiert musse ginn. 5 Prozent géingen an der Reanimatioun landen.

Den 29. Februar 2020 huet déi deemoleg Gesondheetsministesch spontan Owes op eng Pressekonferenz geruff. “Mir hunn iech ganz kuerzfristeg geruff. Well mer zu dësem Zäitpunkt mussen dovunner ausgoen, dass mer hei zu Lëtzebuerg en éischte confirméierte Fall vu Coronavirus hunn. Dat ass en neie Moment”, sou d’Paulette Lenert.

Bis de Virus am Grand-Duché ukomm war, war d’Situatioun schonn an anere Länner eskaléiert. “Wou mer d’Biller aus Italien, aus Bergamo, gesinn hunn, an dass do Mënsche virun den Intensivstatioune stierwen, well net genuch Better a Beootmungsmaschinnen do waren, hate mer Angscht och vun dëser Pandemie iwwerrullt ze ginn”, seet den Dr. Thomas Schmoch, Anästhesist op der Intensivstatioun um Kierchbierg. Et hätt ee Virlaf gehat, fir sech ze preparéieren.

An trotzdeem wier een dankbar gewiescht, wou ee gesinn hätt, dass och d’Politik et verstanen hätt a Moossname geholl hätt. De Xavier Bettel huet op enger Pressekonferenz de 15.Mäerz 2020 Neel mat Käpp gemaach. ”All Caféen, all Disko, all Kino, all Bibliothéik, bleiwen zou. Mir hunn haut decidéiert, dass all kulturell a sportlech a festlech Aktivitéite fir den Ament annuléiert musse ginn”, sou den deemolege Premier. Deen Ament hätt ee scho gewosst, dass di meescht Therapien, vun deene geschwat gi wier, net effektiv wieren, sou den Emile Bock. “D’Leit hate Longekrankheeten a se hu Sauerstoff gebraucht a Maschinne fir se ze ventiléieren. Ouni Lockdown wier dee ganze System aus den Aangele gaangen a mir wäre komplett depasséiert ginn. An dann hätten d’Patiente keng Chance gehat, ob jiddefalls déi, wou keng Maschinne méi do waren”, mengt den Urgentiste och haut.

Réckbléckend wier ee gutt preparéiert gewiescht, wou di éischt Patienten an de Spideeler ageliwwert goufen. An awer wier et eng extrem schwéier Zäit gewiescht. «Mir konnten ee fir eng Zäitlaang beootmen. Mee mer stoungen der Erkrankung ëmmer nees hëlleflos géigeniwwer an den Auswierkungen, déi dës Erkrankung op de Kierper hat. A ville Fäll hu mer de Mënsche musse beim Stierwen nokucken, well mer einfach näischt méi fir se maache konnten”, betount den Thomas Schmoch.

Eréischt duerch d’Impfung wier d’Pandemie op en Enn komm. An elo géing et dorëmmer goen, Léieren ze zéien. Et misst een opschaffen, wat wärend der Pandemie passéiert wier. «Mer mussen nach eng Kéier ganz niichter ukucken, wat gutt a wat schlecht war. Awer am groussen a Ganzen, doduerch dass mer esou vill am Viraus net wossten, si mer mengen ech ganz gutt duerchgaangen. Als Medezin an als Gesellschaft”, mengt den Anästhesist. Dass esou séier aus Basiswëssenschafte geléiert gi wier an dass esou séier eng Impfung do war, wier net selbstverständlech. Et wier villes ganz gutt gelaf an dat soll een och elo net kleng rieden.

Back to Top
CIM LOGO