
Lëtzebuerg applizéiert déi temporär Protektioun fir Leit mat der ukrainescher Staatsbiergerschaft oder fir Persounen, déi zanter 5 Joer an der Ukrain liewen. Fir all aner Leit géing déi normal Prozedur lafen, esou de lëtzebuergeschen Ausseminister Jean Asselborn: “Jiddereen, deen aus der Ukrain kënnt, soll an d’Europäesch Unioun kënnen erakommen, dat wier him besonnesch wichteg gewiescht an den Diskussiounen.”
Mat Länner, déi zum Beispill vill Studenten an der Ukrain haten, wéi den Iran oder Indien, si speziell Accorden ausgeschafft ginn, déi et deene Länner erméiglechen hir Landsleit ze rapatriéieren.
Fir déi Leit, déi zu Lëtzebuerg ukommen, wëll een eng onkomplizéiert Méiglechkeet fannen, fir dass si och kënne schaffen oder d’Kanner an d’Schoul kënne goen. Dowéinst soll d’Hëllef elo och zentraliséiert ginn: “Dowéinst si fir den Ufank 200 Better um Kierchbierg ageriicht ginn. Do soll sech och jiddereen umellen a registréieren, deen hei am Land ukënnt. Et gëtt domadder gerechent, dass Leit déi nieft der Luxexpo ënner kommen, bis zu 5 Deeg do bleiwen an dann op eng Plaz, zum Beispill an en Hotel kommen, wou si méi laangfristeg kënne bleiwen.”
Vun 199 Persounen ass scho gewosst, dass si ënnerwee si fir op Lëtzebuerg oder souguer schonn ukomm sinn. Wichteg wier et, dass jidderee ka registréiert ginn an Hëllef ka kréien. D’Solidaritéit hei am Land fir ze hëllefen, wier och grouss, esou de Jean Asselborn am Interview op der Tëlee: “39 Familljen hu sech scho gemellt fir Leit aus der Ukrain doheem opzehuelen. 12 Gemenge schaffen den Ament aktiv mat. Mat hinne géing och gekuckt ginn, fir alles ze koordinéieren.”
Geréiert gëtt d’Hëllef vun der Caritas a vum Familljeministère. Anescht wier et schwéier den Iwwerbléck vun de villen Hëllefsinitiativen ze behalen. Dowéinst huet de Minister och dozou opgeruff, sech un déi offiziell Plazen z’adresséieren.