D'Natur ass grad amgaangen, ze erwächen. D'Naturverwaltung kuckt all Joer, wéi et de Lëtzebuerger Bëscher geet. 54 Prozent vun de Beem weisen éischt Zeeche vu Stress duerch de Klimawandel. Am stäerkste betraff wieren d'Fiichten. De Mënsch muss aktiv agräifen, fir de Bestand ze erhalen, esou de Frank Wolter, Direkter vun der Naturverwaltung An de leschte Méint hu vill vun eis d'Natur zu Lëtzebuerg nees nei entdeckt. D'Bëscher maache ronn 35 Prozent vum Territoire vum Grand-Duché aus, et kann ee vill Kilometer trëppelen. D'Bëscher si gestresst a gi vu Joer zu Joer manner gesond, dat ass keen neie Constat. De Klimawandel huet en Impakt, deen och zu Lëtzebuerg ze spieren ass.
De Bësch ass en CO2-Späicher, awer nëmmen, wann e gesond ass. Iwwer 50 Prozent sinn a privater Hand, dovu si knapp 50 Prozent Lafholz. Beim Bësch, deen an ëffentlecher Hand ass, sinn 80 Prozent Lafholz. Duerch eng nei Primm solle Privatbësch-Besëtzer encouragéiert ginn, éischter Lafholz ze planzen.