En Déier ëmbréngen, fir d’Natur ze schützen. Dat klengt den éischten Ament net, wéi wann dat beienee passt.
Deckelsmouke kommen zu Lëtzebuerg net natierlech vir. Ma an de Weiere vum Réimecher Haff hunn der vill en neit Doheem fonnt, well hir Besëtzer se do ausgesat hunn, esou den Tiago Da Sousa, Responsabel fir invasiv Aarte bei der Naturverwaltung.
Zu Lëtzebuerg gëtt et vill invasiv Aarten, déi amgaang sinn, sech auszebreeden, ee Beispill ass de Wäschbier. Et ass ee vun den Haaptgrënn, wisou mir weltwäit esou ee grousse Biodiversitéitsverloscht erliewen. D’Beie spillen an eisem Ekosystem eng zentral Roll, menacéiert gi si vun der asiatescher Runnebei, esou de Biolog Jacques Pir.
2020 gouf d’asiatesch Runn eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg fonnt. Déi meescht invasiv Aarte sinn hei gelant duerch mënschlechen Afloss. Fiert ee laanscht d’Musel gesäit een och ëmmer méi ägyptesch Nilgänsen, fir déi hir donkel Ae charakteristesch sinn.