CaritasËmmer méi jonk Leit liewen zu Lëtzebuerg op der Strooss

Jeannot Ries
Wei vill Fraen a Männer et awer genee sinn, ass net wierklech gewosst.
Ëmmer méi jonk Leit liewen zu Lëtzebuerg op der Stroos
D’Offer ass do. Ma déi muss besser koordinéiert ginn. D’Acteuren musse sech ënner sech besser koordinéieren.

“Et sinn der e puer Honnert. Leit, déi iwwer déi lescht Joren ëmmer méi jonk ginn”, sou de Generaldirekter vun der Caritas, Marc Crochet, e Freideg de Mëtteg no enger Mass zu Bouneweg, wou deene geduecht gouf, déi d’lescht Joer gestuerwe sinn.

Dag fir Dag, Säit fir Säit fëllt sech onst Buch vum Liewen. Mol schéi glat. Mol mat Flecken... Symbolesch goufen e Freideg de Mëtteg an der Kierch zu Bouneweg eng 20 Bicher op den Dësch bei d’Ouschterkäerz geluecht. 20 Bicher fir 20 Sans-abrien, déi d’lescht Joer gestuerwe sinn.

Den Abbé Nico Weiler koum net mat eidelen Hänn an d’Kierch. Hei zu Lëtzebuerg hätte mer nawell gär alles schéi Richt, am Wénkel. Dat wat net passt gëtt gebrach. En Zeechen vun eiser Gesellschaft. Ma am Buch vum Liewen leeft net ëmmer alles schéi riicht op der Ligne. E Buch vum Liewen, an deem hei an do d’Lignen scho ganz fréi kromm ginn, sou de Weibëschof Léon Wagener.

Ëmmer méi jonk Leit am Alter vun 18 bis 25 Joer landen hei zu Lëtzebuerg op der Strooss. Sou déi Responsabel déi dës Jongen a Meedercher am Alldag begleeden. D’Offer ass do. Ma déi muss besser koordinéiert ginn. D’Acteuren musse sech ënner sech besser koordinéieren.

De Marc Crochet, Generaldirekter vun der Caritas: “Oft sinn psychesch Problemer do. Oft sinn Problemer vu Krankheet do. Den Accès an d’Therapie ass schwiereg. Hei an do ass en Zesummespill vun Entzuch a vun Therapie déi een brauch. Wann een an den Entzuch kann, do muss een sech drop preparéieren. Do muss een mat engem Mënsch virdrun dodrun schaffen. A wann een da bis dohin kann, an et mécht een dat mat, oft muss een dono nees zeréck op d’Strooss, iert een dann an eng Therapie muss. Da fält een erëm eng Kéier zeréck. Do musse mer um Ajustement vun all den Offeren déi et gëtt schaffen. “

D’Caritas fuerdert en onkonditionellt Recht op Wunnen, hei zu Lëtzebuerg. Eng elementar Basis, iert sech all deenen anere Problemer ugeholl gëtt. Wéi zum Beispill Therapien, fir déi et awer u Platzen feele géif.

Back to Top
CIM LOGO