
Wéi et heescht, wieren d'Ëmstänn vum Accident nach onkloer.
De Chauffer vun engem groen SUV, sou wéi aner Zeien solle sech bei der Escher Police, entweder um 244 50 1000 oder per E-Mail u Police.ESCH@police.etat.lu, mellen.
Och eng Famill, déi mat hirem Auto stoe bliwwe war, fir nom Cyclist ze kucken, soll d'Police kontaktéieren. De Vëlosaccident war Päischtsamschdes kuerz no 15 Auer an der Brillstrooss zu Féiz.