D’Verbuet géif virop aggressiivt Verhalen a Bande viséieren, dat sot den Inneminister Léon Gloden. Hien hat d’Decisioun vu senger Virgängerin, dat entspriechend Policereglement ze annuléieren, ugangs dëser Woch gekippt, wat e Mëttwoch an der zoustänneger Chamberkommissioun fir Kritik gesuergt huet.
Den neien Inneminister war e Mëttwoch de Mëtteg an d’Chamberkommissioun komm an huet d’Deputéiert iwwer déi nächst Schrëtt informéiert, déi dee Moien an enger Reunioun mat der Police an der Stad Lëtzebuerg definéiert goufen.
E partiellt Heescheverbuet trëtt vun e Freiden un an der Haaptstad a Kraaft. Dat zu bestëmmten Auerzäiten (vu Moies 7 bis Owes 10 Auer) an op bestëmmte Plazen (alle gréissere Stroossen am Zentrum an op der Gare, souwéi op gréisseren ëffentleche Plazen an a Parken). An engem éischte Schratt wëll d’Stad Lëtzebuerg sensibiliséieren. Dat heescht, et wäerte Flyer verdeelt ginn an d’Police wäert verstäerkt Presenz weisen, sot den Inneminister Léon Gloden no der Kommissiounssëtzung. An enger zweeter Phas solle Leit, déi heeschen, da verbaliséiert ginn an da géing d’Affär op de Parquet. Dee géing decidéieren, wat en domat mécht. De Léon Goden huet awer preziséiert, et géing beim Verbuet ëm aggressiivt- an organiséiert Heesche goen.
Den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana huet drop higewisen, dass een dem Code pénal no haut scho kéint poursuivéiert ginn, wann een en aggressiivt Verhalen un den Dag leet. Dozou huet de Minister gemengt, dass dës Mesure och eng Fro vun der Visibilitéit wier. D’Leit géinge villäicht besser d’Policereglement kennen, wéi de Code pénal. “An d’Gemeng kann d’Police opfuerderen, fir hiert Reglement de Police ëmzesetzen”, seet de Léon Gloden. Dat wier hei den Haaptpunkt.
Fir d’Oppositioun bleiwen awer nach eng Rëtsch oppe Froen. De Marc Goergen vun de Piraten huet sech gefrot, wéi Leit, déi schonn näischt ze Iessen hunn, solle Protokoller bezuelen. En plus hätte se jo keng Adress, wou d’Protekoller kënne geschéckt ginn. Dass een engem Plakegen net kann an d’Täsch gräifen, wollt de Minister net gëlle loossen. Hien huet gekontert, dass dat keen Argument vun engem Rechtsstaat kéint sinn. Soss kéint ee jo all Form vun Infraktioun maachen, an da soen, dass een näischt hätt.
Dass ee wéilt méi streng géint déi organiséiert Heescherei virgoen, wier e Schratt an déi richteg Richtung, huet de Fernand Kartheiser vun der ADR fonnt. Ma d’Mesuren, déi ee viséiert, géingen net duergoen. Et géing een déi Persoun treffen, déi heescht an net d’Organisatioun hannendrun. Et hätt ee bei der organiséierter Heescherei misse méi wäit goen. Bei der normaler Heescherei géing ee sozial gesinn net wäit genuch goen. “Leit an enger Noutsituatioun sollen net bestrooft ginn, mee gehollef kréien”, sou de Fernand Kartheiser.
Souwuel d’LSAP wéi och déi Gréng wëlle préiwen, ob d’Decisioun vun der Regierung zum Heescheverbuet ka viru Geriicht ugefecht ginn. De Minister géing seng Entscheedung op en Dekreet vu 1798 baséieren, sot de Meris Sehovic vun déi Gréng. Dëst seet, dass de Buergermeeschter responsabel ass, fir d’Sécherheet, d’Rou an d’Salubritéit ze garantéieren. “Et ass phänomenal ze gesinn, dass den neie Minister, dee Rapporter vun der neier Verfassung war, sech bei där heiten Decisioun op en Dekreet vu 1789 baséiert”, sou den Deputéierten. Domat géing de Minister déi nei Verfassung ignoréieren, déi virschreift, dass Limitatioune vun de perséinleche Fräiheete musse per Gesetz limitéiert sinn an net per Gemengereglement. “Et gesäit ee ganz kloer iwwert d’Limitatioun um Niveau vun der Geografie vun der Stad Lëtzebuerg - vun de Stroossen a vun den Auerzäiten-, dass et hei eng Aschränkung vun de Fräiheete gëtt”, huet och den Dan Biancalana gemengt.
Fir d’LSAP wier d’Preventioun e wichtegen Aspekt, deen net an de Vierdergrond gesat gi wier. Fir déi Gréng ass et “eng Enttäuschung op ganzer Linn”, der ADR geet et “bei der normaler Heescherei sozial net duer” an d’Pirate schwätze vun engem “kale Wand” dee bléist an déi vulnerabelst Leit géing treffen.