
Den Tribunal administratif huet nämlech de Recours vun engem Mann als justifizéiert ugesinn an dofir eng Decisioun vum Carole Dieschbourg aus dem August 2017 annuléiert.
Et geet an dëser Affär ëm de Bau vun engem landwirtschaftleche Schapp. Am Februar 2013 hat de Mann beim Nohaltegkeetsministère gefrot, fir um Gebitt vun der Gemeng Klierf sou en „Hangar agricole“ vu ronn 170 m2 bauen ze kënnen.
De Ministère hat am Juli 2013 geäntwert, dass ee Beweiser fir d'Noutwendegkeet a fir d'Dimensioune vum geplangte Bau wéilt hunn; am Juni 2014 hat de Mann déi entspriechend Informatiounen eraginn. Den Ëmweltministère hat sech am August 2015 mam Projet averstane gesot, awer nëmme wann de Schapp méi kleng ausfale géif, an zwar maximal 100 m2. Am Oktober 2015 hat de Mann e Recours gracieux heigéint agereecht, deen awer am Februar 2016 vum Carole Dieschbourg verworf gouf. Den Tribunal administratif hat dem Mann am Abrëll 2017 allerdéngs Recht ginn: Hie kéint méi e grousse Schapp bauen, an den Dossier sollt zréckgoe bei d'Ministesch, wougéint de Staat Appell gemaach hat. Parallel dozou hat d'Ministesch am August 2017 den Accord fir de Bau vu méi engem klenge Schapp aus dem August 2015 zréckgezunn; de Mann war am Oktober 2017 op d'Verwaltungsgeriicht gaangen, fir déi Decisioun annuléiert ze kréien.
D'Riichter halen an hirem Uerteel fest, dass dës Affär speziell ass, well d'Verwaltungsgeriicht dem Mann an 1. Instanz Recht ginn huet, wat de Recours en réformation ugeet; den Tribunal hätt deemno schonn eng Decisioun amplaz vum Minister geholl. De Minister kéint op seng Decisioun zréckkommen, awer net wann d'Geriicht schonn eng Decisioun a senger Plaz geholl huet. De Minister hätt och net e Feeler korrigéiert, deen hien zougëtt, gemaach ze hunn, ma hien hätt ganz einfach d'Prinzipie verkannt, déi den Tribunal administratif festgehalen huet; an zwar, dass de Minister d'Konformitéit vun der Affektatioun vum Schapp net a Fro gestallt hat: Dowéinst wär d'Decisioun vun der Ministesch aus dem August 2017 z'annuléieren. De Mann hätt donieft eng Indemnité de procédure zegutt, well d'Attitüd vum Staat hien dozou forcéiert hätt, fir en Affekot ze huelen.