
Am Mee 2021 bréngt eng deemools 36 Joer al Fra hire 44 Joer ale Brudder am Haus vun der Mamm zu Schëffleng ëm. Mat engem Messer stécht si him fënnef Mol an de Réck. E verbale Sträit an Handgräiflechkeete waren deem Ganze virausgaangen, souwéi Méint a Joren, wou si, an hir Mamm vum Affer schikanéiert gi waren.
D’Urteel am Appell vun 18 Joer Prisong mat integralem Sursis am Fall vum Doudschlag huet vill Froen opgeworf. Wisou esou e laange Sursis? A wisou muss eng Persoun, déi e Liewe geholl huet, net an de Prisong? Den Affekot vun der Ugekloten, de Philippe Stroesser erkläert: “Ech mengen et ass eng exzeptionell Decisioun, well et en exzeptionellen Dossier ass.”
Fir Leit, déi bei dëser Affär net déi ganz Geschicht géinge kennen, kéint et schwiereg sinn, de Jugement nozevollzéien. Ma wann ee se kennt, wier et absolut verständlech. D’Riichter hätte ganz large Circonstances atténuantes festgehalen, betount den Affekot. D’Urteel géing a Relatioun mat der Perséinlechkeet vu senger Mandantin stoen, an a gewësser Manéier, och mat där vum Affer.
Bei dëser Affär wier villes ëmgedréint, wéi bei aneren, wou et ëm Doudschlag geet. “Déi gutt Persoun stoung hei virum Riichter”, seet de Philippe Stroesser. Eng Fra, déi nach ni mat der Justiz ze dinn hat, an enger Bezéiung ass, e Kand huet an ëmmer geschafft huet. Och am Ëmfeld vun der Ugekloten haten d’Ermëttler vun der Police enquêtéiert, fir sech e Bild ze maachen. Dobäi ass d’Fra als eng Persoun beschriwwe ginn, déi keng Konflikter gesicht huet, sensibel wier an anere géing hëllefen.
D’Affer, hire Brudder, wier do de Contraire gewiescht. Eng Persoun, déi sech drogéiert huet, Alkoholiker war an handgräiflech vis-à-vis vu Frae war. Och senger Mamm géigeniwwer, bei där hien zwee Joer laang bis zur Dot gewunnt hat, wier hien aggressiv gewiescht.
Schonn an éischter Instanz war an der Affär en ontypescht Urteel gesprach ginn. 18 Joer Prisong, dovunner 13 op Sursis. Wéinst weidere speziellen Ëmstänn, déi berécksiichtegt goufen, wier et elo en integrale Sursis. “D’Riichter hunn net gemengt, dass menger Cliente soll d’Fräiheet entzu ginn, andeems si an de Prisong muss”, sou de Philippe Stroesser. Objektiv gesinn, wier de Prisong jo do, fir d’Gesellschaft ze schützen an eng Persoun ze bestrofen. Hei wier et awer net néideg, d’Gesellschaft ze schützen. An och eng Strof wier schonn do gewiescht, andeems déi Ugeklote scho 5 Méint an Untersuchungshaft souz.
18 Joer Prisong mat integralem Sursis heescht elo, dass d’Fra an den nächste Jore keng Infraktioun däerf maachen, déi eng Prisongsstrof matsechbréngt. An deem Fall misst si souwuel déi gesprache Strof ofsëtzen, wéi och déi 18 Joer Prisong. Doriwwer eraus huet den Affekot drop higewisen, dass et och rechtlech Verbueter gëtt, wéi dat wielen ze goen an Aschränkunge vu beruffleche Méiglechkeeten.
D’Fra huet viru Geriicht ni ofgestridden, wat si gemaach huet. “Wat geschitt ass, ass eppes, wat ech mäi Liewe laang net wäert vergiessen”, sot si an zweeter Instanz virun de Riichter. Wou déi virsëtzend Riichterin d’lescht Woch d’Urteel matgedeelt huet, ass der Fra den Otem ewech bliwwen. Si sot de Riichter e puer Mol Merci, ass an Tréinen ausgebrach a bei hir Famill gaangen, déi och am Geriichtssall mat dobäi war.