
Wéi um Facebook vun der Stad Réimech ze liesen ass, gëtt et aktuell eng Stroumpann bei der Creos. Dowéinst wieren d'Servicer vun der Stad, dorënner och hir Telefonszentral, nëmme limitéiert z'erreechen.
Et géing een hoffen, datt d'Situatioun sech esou séier wéi méiglech nees normaliséiert.
Wéi d'Creos RTL op Nofro hin erkläert, wier en defekte Kabel Grond fir d'Pann. Méi genee wier et eng "Nidderspannungspann", déi sech "op eng Strooss zu Réimech limitéiert". Eng 6-10 Haiser wiere betraff, dorënner och de Centre d'intervention vum CGDIS. D'Pann hätt géint 4 Auer ugefaangen. Zanterhier hätten d'Ekippe vun der Creos "déi betraffe Clientë kontaktéiert an ofgeklemmt, fir a Sécherheet d'Pann kënnen ze behiewen". D'Creos-Ekippe wieren op der Plaz, fir de Kabel ze flécken. D'Aarbechte sollten am fréie Freidegmëtteg ofgeschloss sinn.