
En Donneschdeg den Owend géint 18:40 Auer gouf d'Police wéinst enger Kläpperei tëscht dräi Leit an d'Campingsstrooss zu Wolz geruff. Do hat e Mann mat engem Kabel op zwee aner Leit ageschloen. Op der Plaz sinn d'Beamten op e Grupp vun e puer Männer getraff. Duerch d'Beschreiwung vum Täter konnt dësen awer identifizéiert ginn. Bei der Kontroll vum Mann hätt sech dunn en anere Mann onkooperativ géigeniwwer de Beamte beholl.
Géint 00:45 Auer goufen d'Beamten dann nach emol wéinst enger Kläpperei tëscht deene selwechte Leit geruff. Zwee vun hinnen haten däitlech ze vill gedronk. Well si eng Gefor fir sech an anerer waren, hu si d'Nuecht am Passagearrest verbruecht.