
En Dënschdeg de Moie kuerz viru 7.30 Auer sinn um CR186 op der Kockelscheier zwee Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf verwonnt.
Eng déck Stonn méi spéit waren d’Rettungsdéngschter eng weider Kéier wéinst engem Accident tëscht zwee Autoen an den Asaz geruff ginn, déi Kéier op Bouneweg an d’Rue Auguste Charles. Och hei huet ee Blesséierte musse behandelt ginn.