Google zu BiissenEn holperegen Depart am Réckbléck

Jeannot Ries
Wien "Datazenter Google Biissen" googelt, dee kënnt op just 40 Resultater - kee Wonner. Bis 2016 war Lëtzebuerg net op der Weltkaart vum Internet-Gigant.
Google-Réckbléck
Ee Réckbléck doriwwer, wat sech bis elo a punkto Google-Datazenter-Lëtzebuerg gedoen huet.

Bis viru gutt 3 Joer war eist Land net op der Weltkaart vum US-amerikaneschen Internet-Gigant, wat e potentiellen Datazenter ubelaangt. Ee Joerzéngt no St. Ghislain an der Belsch, deen antëscht dee gréisste Google-Site an Europa ass. Ee 4. Datazenter ass do am Bau.

Google op Lëtzebuerg? Dat misst passen!
Ma zeréck op Lëtzebuerg: am Häerz vun Europa no bäi de Leit, déi Datestréim gebrauchen. Mat gudden Infrastrukture vun Elektresch bis Glasfaser, dat Ganzt an engem politesch stabillen Ëmfeld. Och klimatesch respektiv seismesch huet Lëtzebuerg an den Ae vu Google eppes ze bidden. Biissen kennen d'Spezialiste vu Google an Tëschenzäit aus dem FF. D'Uertschaft an der Mëtt vum Land ass deen eenzege Standuert, dee fir den Internet-Gigant hei am Grand-Duché a Fro kënnt.

Éischte Kontakt viru gutt 3 Joer
Virun 3 Joer gouf et déi éischt Kontakter tëscht Google a Lëtzebuerg, ma haut, no deels heftegen Diskussiounen a Spekulatiounen, wiisst weider Gras um 33,7 Hektar groussen Terrain. Dëst si jo Felder, déi Google eigentlech an aller Diskretioun iwwer eng Duechtergesellschaft kafe wollt, den Internet-Ris huet am Dezember 2017 schliisslech 36,5 Milliounen Euro dofir op den Dësch geluecht. De Fabien Vieau, Responsabele fir Entwécklung an Energie bei Google Europa, huet dann och gesot, Google hätt an der Reegel Interessi, diskret ze bleiwen, wéi d'Informatiounen iwwer Projeten no baussen ze ginn. Zu Lëtzebuerg wier dat awer anescht gelaf, wat Google net konnt kontrolléieren.

2017: Etienne Schneider sicht méigleche Google-Standuert zu Lëtzebuerg
D'Kaz aus dem Sak gelooss, huet iwwerdeems am Juli 2017 de Wirtschaftsminister Etienne Schneider, wéi e bei der Sich no engem gëeegenten Terrain net weiderkoum. D'Angscht, datt e Mega-Investment dem Land laanscht d'Nues goe géif, grad an engem Secteur, deen d'Regierung als Prioritéit definéiert huet, huet am Wirtschaftsministère fir Nervositéit gesuergt. Dat historescht Investissement soll laangfristeg jo bei 1,2 Milliarden Euro leien.

Lëtzebuerger Regierung gouf méi nervös, wéi Google-Manager
En Dënschdeg zu Bréissel am Gespréich mat de Responsabele vum Projet gouf kloer: d'Politiker hei zu Lëtzebuerg ware kloer méi nervös gi wéi d'Manager bei Google. Dat huet munches net méi einfach gemaach, hu si betount. Falsch Zuele si méi wéi eemol dorëmmer gegeeschtert, ouni datt déi Responsabel vum Internet-Ris op deem Ament reagéiere konnten. Zuelen, ëm déi d'Gréisst vum Projet, de Verbrauch vum Elektresch bis de Besoin u Killwaasser dréien.

Konkret Baupläng vum Datazenter
Mat, an zwou Phasen, zweemol ronn 30.000 Metercarré Grondfläch, dëst op zwee Stäck, leien déi aktuell Pläng wäit vun där aus dem Wirtschaftsministère eraus ugekënnegter Millioun Metercarré ewech. An och de Stroum- a Waasserverbrauch, déi e Mëttwoch am Kader vun der Biergerversammlung zu Biissen virgestallt ginn, leien ënnert de Spekulatiounen. Dëst wier dann och de Grond, firwat Google op dësem Ament seng, u sech arodéiert, Kommunikatiounsstrategie ëmgekrempelt huet.

Status quo
Eng Versammlung, déi de Wirtschaftsminister scho fir den Hierscht d'lescht Joer ugekënnegt hat, gouf e Mëttwoch ofgehalen. Ma d'Amerikaner vu Mountain View sinn u sech weider extrem zeréckhalend, wann et drëms geet, d'Projeten ze kommentéieren, déi nach net definitiv um Zeechebried stinn. Zanter Hierscht 2018 gouf de PAG gestëmmt an dat ouni politesch Schierbelen. An Tëschenzäit ass och de Biisser Buergermeeschter Jos Schummer zeréckgetrueden. Un der neier Ekipp ass et lo, fir d'Detailfroen a Punkto PAP ze beäntweren an ze geréieren. Wéi geet et weider? Gesi mer den Horizont am Summer 2020?

Sënn an Zweck vum Google Datenzenter
Ëmmer méi Informatioune ginn digital gespäichert a verschafft an esou brauch een och ëmmer méi Datenzenteren, déi d'Rechnen iwwerhuelen.

Back to Top
CIM LOGO