D’Uni Lëtzebuerg ass déi internationaalsten Uni weltwäit, seet op alle Fall “Times Higher Education”. Vun de 6.423 Studenten, déi offiziell ageschriwwe sinn, kënnt ronn d’Hallschent aus dem Grand-Duché, déi aner aus net manner wéi 120 verschiddenen Natiounen. D’Caroline Mart huet mam neie Mann un der Spëtzt, dem Stéphane Pallage, geschwat, deen eng kloer Visioun huet, wou hie seng Uni wëll hibréngen.
Excellenz ass d’Zil, dat a Fuerschung a Léier an d’Uni.lu definitiv op der akademescher Weltkaart positionéieren. D’Studenten hu wierklech aussergewéinlech schéin Infrastrukturen zur Dispositioun, wéi zum Beispill déi nei Bibliothéik um Belval, déi modern an digital equipéiert ass an iwwregens och fir jidderee vu méindes bis samschdes accessibel ass.
Geschafft gëtt net am Risenamphi, mee ënner ganz privilegéierte Konditiounen, a klenge Klassen an och d’Coursë sinn op d’Besoinen zougeschnidde vun de Jonken, awer och der Wirtschaft. A fir School of Finance gouf et en zweeten Ulaf, de Stéphane Pallage huet d’Coursen an d’ Konzept iwwerschaffe gelooss.
“Et on ne l’a fait pas seul mais on l’a fait avec l’industrie financière des comités de travail nombreux et aujourd’hui on a revu l’ensemble des masters de finance, donc je trouve que l’école de finance elle va très bien.”, esou de Stéphane Pallage.
Pragmatesch an am Dialog mat Industrie a Politik, dat resüméiert dem Stéphane Pallage seng Approche. D’Uni huet de grousse Virdeel, jonk ze sinn, dofir konnt dat, wat haut ëmmer méi verlaangt gëtt, Interdisziplinaritéit, och esou liicht ëmgesat ginn. A se soll net isoléiert sinn, mee am Déngscht vun der Gesellschaft stoen, roueg och selwer d’Debatten ureegen, zum Beispill bei Sujete wéi Digitalisatioun, net just déi technologesch, mee och déi ethesch Säit am Fong kucken.
“Je pense que l’université là a un rôle important à jouer , important pour nous chercheurs de temps en temps d’avoir un regard critique sur différents projets non pas pour les bloquer mais pour leur donner une dimension différente qui n’avait pas été anticipée.”
Chercheuren hätten déi Onofhängegkeet, déi zum Beispill der Industrie feelt, fräi vun all Interessekonflikt, et misst just nach méi de Reflex kommen, fir net just an der Fachpress ze publizéieren, mee fir sech och direkt an der Gesellschaft anzebréngen. Den Usproch ass et, Léisungen ze fannen, fir d’Lëtzebuerger Gesellschaft weiderzebréngen. Un Iddien an Enthusiasmus feelt et dem neie Recteur net, dee sech wuel fillt am Grand-Duché an et offensichtlech fäerdegbruecht huet, no den heftegen Turbulenzen nees fir Rou ze suergen.