Sou och an der Stad, wou um 14.30 Auer eng Grupp vun 200 Manifestante sech op de Wee a Richtung Chamber gemaach huet. Am Mëttelpunkt stinn dëst Joer den Ukrain-Krich an den No-Ost-Konflikt. Fir vill Participanten ass et de Beweis, datt Friddensmouvementer nees absolut noutwenneg sinn, esou och fir de Raymond Becker, vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform.
“D’Politik däerf hir Weichen net nëmmen op d’militäresch Handele stellen. D’Politik däerf d’Sich no Ausweeër aus dësem Krichsgemetzel net einfach ewechwëschen. Eng sech géigesäiteg, respektéierend Sträitkultur. An dat ass eppes Positives, wann ee Léisunge sicht. Ass op der Sich no gudde Kompromisser och an dësem Konflikt wichteg an en däerf eis net verluer goen.”
Et wier iwwerdeems eng Schan, datt esou vill Länner, an och d‘EU sech dozou decidéiert hätten, nees weider Milliounen an d’Militariséierung ze investéieren.
„Mir brauchen Hoffnung. Hoffnung, datt den Haass net dat lescht Wuert huet. Den Haass ass eng fuerchtbar Kraaft. Déi schlëmmst eigentlech déi et gëtt. Den Haass ass mächteg. Den Haass befeiert Terror an Attentater. Den Haass mécht blann.“
Traditioun vun den Ouschtermärsch läit mëttlerweil bal 70 Joer zeréck. Och zu Lëtzebuerg ginn dës zanter 2019 nees reegelméisseg organiséiert.