Serie Mëllerdall (5)Eng "Mardelle" zu Konsdref
Eise leschte Geosite ass zu Konsdref. Sandsteen oder Fielse sicht een hei ëmsoss. Mir si matten am Bësch.
Serie Mëllerdall (5) - Eng "Mardelle" zu Konsdref
Eise leschte Geosite ass zu Konsdref. Sandsteen oder Fielse sicht een hei ëmsoss. Mir si matten am Bësch. Op dëser Plaz dominéiert en Dëmpel.
Op dëser Plaz dominéiert en Dëmpel. Trotzdeem gehéiert des Regioun zum UNESCO Global Geopark Mëllerdall.
An dësem Fall schwätzt ee vun enger “Mardelle”. Esou Plaze fënnt een heefeg a Bëscher. “Mardelle” gi prinzipiell vu Reewaasser gefëllt. D’Gefor besteet, datt wärend enger Dréchent eng “Mardelle” ausdréchne kéint.
Hei liewen ënner anerem och Molchen. De Bergmolch ass eng Amphibienaart, déi ganz heefeg hei an der Regioun virkënnt. Den Ament ginn d’Kamolche ganz akribesch ënnert d’Lupp geholl. Eng Krankheet huet sech an eise Breedegraden ausgedeent.
Dësen Dëmpel gouf vun der Gemeng Konsdref an Zesummenaarbecht mat der Natur- a Bëschverwaltung ugeluecht. Et gëtt gehofft, dass de Kamolch geschwënn de Wee an eis Regioun fënnt.
Hëlt bei Rouspert/Mompech
Serie Mëllerdall (1) - Hëlt bei Rouspert/Mompech
D’Hëlt ass e groussen Hiwwel dee sech an der Schleef vun der Sauer befënnt. Sandstee fënnt een hei keen. Hei dominéiert den Dolomitsteen.
D’Wollefsschlucht zu Iechternach
Serie Mëllerdall (2) - Wollefsschlucht zu Iechternach
Eréischt 1881 gouf dës beandrockend Plaz zougänglech fir d’Touristen. Mat Wëllef huet d’Schlucht wéineg ze dinn.
Dréchemaueren zu Bech
Serie Mëllerdall (3) - Dréchemauren zu Bech
An der Gemeng Bech steet en ale Wäschbuer. Freier koumen d’Awunner hei hier Kleeder wäschen an hunn tëschenduerch “Beschass gedriwwen”.
“Wanterbaach Siweschlëff” an der Gemeng Bäerdref
Serie Mëllerdall (4) - "Wanterbaach Siweschlëff" zu Bäerdref
De Geosite “Wanterbaach-Siweschlëff” ass ee vun den 22 Sitte vum Unesco Global Geopark Mëllerdall.