
Op der N6 zu Mamer/Capellen géint 3.10 Auer ass eng Policepatrull op Héicht vun den Op- an Ausfaarte vun der Areler A6 op en Auto getraff, dee seng véier Winkeren un hat. De Chauffeur ass, wéi d'Police schreift, op der Fuerbunn getierkelt an huet alkoholiséiert geschéngt. Den Alkoholtest war positiv, wouropshin de Permis agezunn an e provisorescht Fuerverbuet zougestallt gouf. D'Gefier, dat een net méi konnt benotzen, gouf ofgeschleeft.
Um 1.30 Auer hat zu Käerjeng an der Avenue de Luxembourg en Automobilist ee geparkte Won ze pake kritt, deen um Stroosserand stoung. Nodeems beim Chauffeur, deen onverletzt bliwwen ass, Alkoholgeroch festgestallt gouf, gouf en Test gemaach. D'Resultat war positiv. Hie krut de Permis ewechgeholl an e provisorescht Fuerverbuet gouf zougestallt.
Zu Brouch-Biwer op der CR136 ass géint 0.10 Auer en Auto no engem Accident op der Säit a queesch op der Fuerbunn leie bliwwen, nodeems de Chauffeur d'Kontroll iwwer säi Won verluer hat a widder eng Mauer gestouss war. Kee vun den zwee Leit am Auto, déi allebéid gedronk haten, war blesséiert ginn. Wéi den Accident opgeholl gouf, hunn déi zwou Persounen, vun deenen eng kee Permis hat, uginn, um Steier gesiess ze hunn. Béide Persoune louche beim Alkoholtest iwwert dem maximal zougeloossenen Héchstwäert. Nodeems déi zwee bei hiren Aussoe bliwwe sinn an net konnt festgestallt ginn, wien um Steier souz, gouf de Parquet informéiert. Op hiren Uerder hin sinn elo déi zwou Persounen an enger Prozedur, fir de Fürerschäin ewechgeholl ze kréien.