
E Méindeg am Nomëtteg gouf der Police e Bedruchsfall gemellt, bei deem dem Affer eng gréisser Zomm Geld vu sengem Kont opgehuewe gouf. Am Kader vun den Ënnersichunge konnt eng verdächteg Persoun, e sougenannte “Money Mule” ermëttel ginn. Dëse konnt kuerz Zäit méi spéit lokaliséiert a festgeholl ginn.
Beim Duerchsiche vun der Persoun gouf en Handy a Boergeld séchergestallt, bei der Hausperquisitioun gouf och e Laptop saiséiert. D’Géigestänn goufen op Uerder vum Parquet saiséiert, déi verdächteg Persoun gouf festgeholl. Dëse kënnt en Dënschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.