Alkohol um SteierPolice mellt zwee Tëschefäll, bei deenen Automobiliste protokolléiert goufen

Andy Brücker
Een Automobilist gouf op der Hëttermillen gestoppt, deen aneren op der A7
© Laurent Weber

E Méindeg den Owend géint 192.0 Auer krut d’Police e Gefier gemellt, dat am Zickzack op der Wäistrooss op der Hëttermillen ënnerwee wier. Eng Policepatrull konnt den Auto lokaliséieren a beim Chauffer gouf en Alkoholtest gemaach, dee positiv ausgefall ass. Trotz dem Zickzack war den Alkoholpeegel wuel net sou héich, dass de Fürerschäin agezu gouf.

An der Nuecht op en Dënschdeg gouf der Police géint 1.30 Auer e méiglecherweis alkoholiséierte Chauffer op der A7 gemellt. Och hei ass et der Police gelongen, de Chauffer kuerz drop ze stoppen an en Alkoholtest ze maachen. Deen ass positiv ausgefall an et gouf e Protokoll geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO