
Et war géint 23.40 Auer, wéi d’Pompjeeë vu Sandweiler, Mutfert an Hesper op en Hausbrand op Sandweiler an d’Haaptstrooss geruff goufen. Si goufen ënnerstëtzt vun Ambulanze vum Findel an aus der Stad. Am Bulletin vum CGDIS ass ze liesen, dass et keng Blesséierter gouf.
Manner Aarbecht haten d’Escher Pompjeeë géint 23 Auer, wéi se op de Boulevard Kennedy hu musse fueren, well do eng Poubelle gebrannt hat.
Kuerz no 18 Auer hat et an der Stad an der Allée Scheffer an enger Kiche gebrannt. Och hei blouf et beim Materialschued.
Ee Blesséierte gouf et géint 17.25 zu Munneref. An der Route de Luxembourg war eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn.