No engem AbrochEng Persoun zu Esch festgeholl

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Dënschdeg krut d'Police en Abroch an e Geschäft an der Rue du Nord zu Esch-Uelzecht gemellt.

De presuméierten Täter konnt no kuerzer Zäit vun der Police festgeholl ginn. Éischten Informatiounen no hat hie sech duerch eng Fënster Zougang zum Geschäft verschaaft an d’Kees geklaut.

De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO