Erneierbar Energie versus AtomkraaftEnger Etüd no géifen d'Luuchten ouni Cattenom net ausgoen

RTL Lëtzebuerg
35 Joer nom Accident zu Tschernobyl an 10 Joer no deem zu Fukushima réckelt d'Debatt vun der Atomkraaft erëm an de Virdergrond.
© RTL

Ouni Cattenom géifen d'Luuchten net ausgoen / Rep. N. Kremer

Atomkraaftwierker wieren net nëmme geféierlech, mä och deier an net nohalteg genuch. Eng Etüd vun den Ëmweltministèren aus Lëtzebuerg, dem Saarland a Rheinland Pfalz huet elo den Notze vu Cattenom analyséiert a festgestallt, dass d'Reakteren kënnen ausgeschalt ginn, ouni dass hei d'Luuchten all aus ginn.

Frankräich wëll bis 2035 säin Undeel un Atomkraaft vu 75 op 50% limitéieren. Bis dohi sollen dofir 12 Atomkraaftwierker ofgeschalt ginn. Et wier nach net gewosst, ob Cattenom dozou gehéiert. Mä Fakt ass, d'Fransouse soen ëmmer, dass ouni Cattenom net méi genuch Stroum do wier, fir de Bedarf ze decken. Des Etüd géif dëst Argument widderleeën, esou de Claude Turmes, Minister fir Energie. Claude Turmes: "De Stroum ass do. En entsteet op de Solaranlagen op den Diech vun de Leit, en entsteet mat de Wandmillen, déi mir um Land opriichten an en entsteet virun allem duerch déi ganz grouss Wandmillen, déi am Mier opgeriicht ginn."

Fir dass mer net am Däischteren do sëtzen, muss de Bedarf u Stroum gedeckt sinn, de Stroum sécher beim Konsument ukommen an d'Stroumspannung ëmmer um selwechten Niveau sinn. Dat wier alles och ouni Cattenom garantéiert, well an den nächste Joren esou vill an erneierbar Energië soll investéiert ginn, fir Lëtzebuerg an och déi ganz Groussregioun mat genuch Stroum ze beliwweren.

Esou kéint een erneierbar, propper a sécher Energie schafen, déi och esou wichteg fir de Klimaschutz wier, seet d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.

Carole Dieschbourg: "Et ass vëlleg kloer, dass mir keng Atomenergie brauche fir d'Klimaziler ze erreechen. Et ass genau déi Diskussioun, déi mir an Europa mat verschiddene Länner hunn, dass verschidde Staaten wéi Frankräich ëmmer nach mengen, dass mer missten op eng deier Risikoenergie setzen, fir eis Klimaziler ze erreechen."

Europa huet net nëmme gemeinsam Klimaziler, mä och ee gemeinsaamt Stroumnetz, erkläert de Claude Turmes. Frankräich, Däitschland, d'Belsch, Lëtzebuerg, Holland, Dänemark, Éisträich an d'Schwäiz hätten ee grousse Marché zesummen.

"An ob elo déi Anlag an Däitschland steet oder a Frankräich oder zu Lëtzebuerg steet, dat ass am Endeffekt net esou wichteg. Dat wat wichteg ass, ass, dass an deem ganze Verbundsystem vum Stroum, dass do genuch dran ass."

Duerch dat gutt versuergte Stroumnetz a Westeuropa wiere keng Enkpäss ze erwaarden, och wa Länner wéi Frankräich, déi vill op Atomenergie setzen, all hir Kraaftwierker zoumaachen. Et wiere souguer genuch erneierbar Energië geplangt, fir bis 2050 dat ganzt europäescht Stroumnetz ouni Atomenergie ze versuergen. Donieft wieren erneierbar Energië méi bëlleg wéi Atomenergie, seet d'Ëmweltministesch.

"Atomenergie bedeit een Lock-in vu Geld iwwer Joren, Joerzéngten, bedeit Risiken iwwer eng nach vill méi laang Zäit an do musse mer d'Gespréich drop lenken, fir dass mer genuch Drock op Frankräich opbauen, fir dass si an deenen nächsten Etappe Cattenom ofschalten."

D'Etüd ënnersträicht och, dass den net nuklearen Deel vu Cattenom kéint ëmgebaut a weider benotzt ginn. Dat wier beispillsweis an Däitschland bei Atomkraaftwierker gemaach ginn, déi ofgeschalt goufen, esou de Claude Turmes.

"An dat ass eng interessant an och nei Iddi, dass wann een de geféierlechen Deel vu Cattenom zou mécht, wat mer wëllen, dass een trotzdeem eenzel Deeler wéi d'Generatrice behält, fir d'Schwankungen am Netz auszegläichen."

Duerch d'Haftungsgesetz, dat 2020 a Kraaft getrueden ass, gëtt et fir Frankräich deier, wann zu Cattenom eppes geschéie géif. Mat dëser Etüd soll weider Drock op Frankräich gemaach ginn, fir aus der Atomenergie erauszeklammen.

Diskussiounsronn fir 35. Joresdag vun Tschernobyl (Deel 2)

Etüd Cattenom 2.Deel vum Nadine Kremer

Däitschland ass ëmgaangen no 32 Joer aus der Atomenergie erauszeklammen. Frankräich wëllt an den nächste Jore vu 75% op 50% Atomstroum erof goen. Trotzdeem gehéiert et zu de Länner déi Pro Atomenergie sinn an net wëllen erausklammen. E Grond dofir wier de Klimaschutz. Deen léist d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg net gëllen.

"Brauche mir Atomenergie fir Klimaschutz ? Ganz kloer nee ! Mir brauche keen Atomstroum fir Klimaschutz Ziler hinzekréien an do ass d'Äntwert eendeiteg an se ass kloer."

En anere Grond wier de Präis. Mee och dat wier net wouer, esou den Energieminister Claude Turmes. Wandanlage baue géif 44 Euro Megawatt d'Stonn kaschten.

"An een neit Atomkraaftwierk kascht 110 bis 130 Euro pro Megawatt d'Stonn. Dat heescht grouss erneierbar Energië sinn haut 2-3x méi bëlleg wéi grouss Atomkraaftwierker."

Et géif och dacks gesot ginn, dass ouni Cattenom de Bedarf u Stroum net kéint gedeckt ginn. D'Etüd, déi de Lëtzebuerger Ëmweltministère zesumme mam Saarland a Rheinland Pfalz gemaach huet beweist de Géigendeel. Bis 2050 kéint Frankräich all Kärkraaftwierk ofschalten a mir géifen net am Donkele sëtzen. Besonnesch well an de nächste Jore staark an nohalteg Energie investéiert géif ginn.

"Cattenom, dat sinn 4 Reaktere mol 1500, dat sinn 6000 Megawatt. Eleng an der Nordsee ginn tëscht elo an 2030 70 000 Megawatt Offshore Wand néi dozou gebaut. Dat heescht 10, 12, 15 mol méi nei Energie aus gréngem erneierbarem Stroum."

D'Ministere sinn der Meenung, dass grenziwwerschreidend Impakter och grenziwwerschreidend Enquêten brauchen. Mir missten iwwer alles wat zu Cattenom geschitt informéiert ginn, well mir beaflosst wieren.
Fukushima hätt gewisen, dass een Atomkraaft net kontrolléiere kéint. Am Fall vun enger Katastrophe wier d'Haftbarkeet awer gedeckelt, esou den Deputéierte François Benoy :

"Wann een schlëmmt Accident géif passéieren, da géifen d'Bierger respektiv d'Staaten op de Käschte setze bleiwe fir dat alles ze reparéieren. Dobäi schwätze mer guer net dovun op et ze reparéiere wier, well dat ass net de Fall."

Dofir huet Lëtzebuerg d'läscht Joer d'Haftungsgesetz gestemmt, fir dass d'Bierger méi einfach kënne fir Schuedenersatz kloen. Dat géif Drock op eis Belsch a Franséisch Nopere maache well se déi finanziell Risiken an hir Atom Pläng mi ssen aberechnen.

Nieft a Wand- a Solarenergie géif an de nächste Joren och am grousse Stil a grénge Waasserstoff investéiert ginn, fir Gas- a Kärkraaftwierker ze ersetzen, esou de Claude Turmes.

"Et ass net eng Saach vu Käschten, et ass net eng Saach vun Technik. Et ass wierklech eng Saach vu politeschem Wëllen."

D'Baue soll méi nohalteg an zukunftsorientéiert sinn. Bei der Installatioun vu Photovoltaik Anlage kéint een Subsiden ufroen. Solaranlage sollte bei der Konstruktioun vu groussen Industriegebaier a Parkingen direkt mat ageplangt ginn. An och de Schratt vun der Diesel- op d'Elektromobilitéit wier noutwenneg. Déi gréng sinn sech eens : beim Klimapakt 2.0 misst jiddereen zesumme schaffen.

Back to Top
CIM LOGO