
D'Enquête hätt op alle Fall keen Hiweis erbruecht, datt d'Schwamm-Meeschteren oder d'Rettungsdéngschter eppes falsch gemaach oder hir Aarbecht vernoléissegt hätten.
Dowéinst huet de Parquet de Luxembourg de Fall ouni Suitte klasséiert.
De 27. Juli war jo e Bouf vu 6 Joer zu Maacher an der Schwämm bei der Rutschbunn am Waasser fonnt ginn. Hie war vu sech, méi spéit gouf confirméiert, datt en net iwwerlieft huet.
Deen Dag ware vill Leit an der oppener Schwämm laanscht der Musel an nom tragesche Virfall waren och d'Schwamm-Meeschteren an d'Rettungsdéngschter - deelweis ëffentlech - kritiséiert ginn. Wéi de Parquet um Mëttwoch matdeelt, hätt d'Enquête awer keng Virwërf beleeë kënnen.
Iwwer den dramatesche Virfall an der Schwämm haten d'Autoritéiten eréischt Deeg méi spéit offiziell informéiert.
Communiqué du parquet de Luxembourg dans la suite de l'accident mortel à la piscine en plein air à Grevenmacher
(06.02.2019)Dans la suite de l'accident tragique survenu le 27 juillet 2018 à la piscine en plein air à Grevenmacher, et lors duquel un garçon de six ans est décédé par noyade, une enquête approfondie avait été ordonnée par le parquet de Luxembourg.
Cette enquête n'a pas permis de déceler une attitude fautive ou de négligence de la part des maîtres-nageurs sur place ainsi que des services de secours appelés en aide.
Par conséquent le dossier a été classé sans suites par le parquet.