"Punkt fir Punkt"Entwécklung vun der Aarbechtszäit am Laf vun der Zäit

Pierre Jans
Net fir d‘éischt viru Walen ass och elo nees zu Lëtzebuerg eng Diskussioun iwwer eng Reduktioun vun der Aarbechtszäit lassgetrëppelt ginn.
Verkierzung vun der Aarbechtszäit
Net fir d‘éischt viru Walen ass och elo nees zu Lëtzebuerg eng Diskussioun iwwer eng Reduktioun vun der Aarbechtszäit lassgetrëppelt ginn.

Zanter iwwer 50 Joer gëllt an der Lëtzebuerger Aarbechtswelt d‘40-Stonnen-Woch respektiv den 8-Stonnen-Dag. Et ginn eng ganz Rei Argumenter dofir an dogéint. Interessien, déi openee stoussen.

D‘Evolutioun vun der Aarbechtszäitverkierzung

Den Trend vun der Aarbechtszäitreduktioun ass eng vun de wichtegsten gesellschaftlechen Entwécklungen vum 20. Joerhonnert. Virun iwwer 100 Joer hunn d’Aarbechterklassen international massiv gefuerdert, datt op 6 Deeg an der Reegel net méi ewéi 8 Stonnen geschafft muss ginn. Deemno 48 Stonnen d‘Woch. Zanter 1921 ass deen Accord a Kraaft. Zanter 1928 och hei am Land Gesetz. 30 Joer duerno och am Commerce an an de Büroen. D‘Gewerkschaften waren awer nach laang net fäerdeg. D‘40-Stonnen-Woch war hiert Zil. Ma fir d‘éischt gouf 1962 d‘Woch mat 44 Schaffstonnen fir Salariéen agefouert. D‘Aarbechter-Beweegung wollt op eng 40-Stonnen-Woch kommen, awer déi ganz Paie kréien. Dat ass hinnen progressiv gelongen. Zanter 1975 gëllt d‘40-Stonnen-Woch. Also 5 Deeg, 8 Stonnen. Duerno goufen d‘Reglementer fir Aarbechter a Salariéen zwar nach uneneen ugepasst. An 2016 goufen d‘Reglementer vun de mobillen Horairen an den Aarbechtspläng reforméiert. Och wann ëmmer nees driwwer diskutéiert gëtt well d‘Gewerkschaften et thematiséieren respektiv och d‘LSAP: Eng Ännerung ass ni ëmgesat ginn, op mannst hei am Land.

Verglach mam Ausland

An aneren EU-Memberstaaten gëtt et jo scho Modeller wou theoretesch manner ewéi 40 Stonnen d‘Woch geschafft gëtt. An der Belsch sinn 38 Stonnen d‘Reegel, an Dänemark 37. A Frankräich zum Beispill zanter der ëmstriddener loi Aubry am Joer 2000 just 35 Stonnen. Ganz esou einfach ass et awer net. Dat si Basisreglementer, déi an all Land ënnerschiddlech komplettéiert ginn. Duerch Limitten respektiv Derogatiounen. Eurostat no hunn d‘Fransousen mat festem Kontrakt am Joer 2021 39,9 Stonne pro Woch geschafft. Also méi ewéi 35. An Däitschland waren et der 40 an eng hallef: Dat ass d‘EU-Moyenne. Zu Lëtzebuerg waren et liicht iwwer 41 Stonnen bei de Fest-Ugestallten. Bei de Statistiken hänkt et wierklech staark vun der Methodologie of.

Trend zu Lëtzebuerg

Méi Congésdeeg, de Mammen- a Pappecongé, de Congé pour raisons familiales, an e weidere Feierdag 2019: Och zu Lëtzebuerg goufe scho Mesure geholl fir méi Zäit fir d‘Liewen baussent der Schaff. Et ass och net esou, ewéi wann et zu Lëtzebuerg net Beispiller géif ginn, wou d‘Reegel haut schonn ënnert 40 Stonnen ass. An der LSAP-Fraktioun ginn 38 Stonnen d‘Woch geschafft. An de Büroen vun déi Gréng 35. De Kollektivvertrag fir de Spidolssecteur zum Beispill gesäit 5 Schaffdeeg à 7,6 Stonne vir. Dat sinn d‘Woch 38 Stonnen. Do sinn awer och Derogatiounen fir Iwwerstonne méiglech a ganz individuell Schaffpläng. Am Privatsecteur ginn et och scho Beispiller wou Betriber selwer decidéiert hunn hirem Personal méi Fräizäit z‘erméiglechen. D‘Raiffeisebank huet zum Beispill zousätzlech 8 Stonne “Quality Time” de Mount agefouert, a flexibel Horairen. An och d‘KPMG zum Beispill soll vu sech aus op méi Teletravail a Congésdeeg setzen.

Pro a Kontra

Eng besser Balance tëscht der Aarbecht an dem Privatliewen fir d‘Personal ass awer net dat eenzegt Argument? Nee, virun allem Betriber siche verzweiwelt qualifizéiert Leit, déi sech vereinfacht gesot kënnen eraussichen, wou se schaffen. Ville Jonken ass Zäit méi wichteg ewéi Suen. Dofir probéieren eng Rei Entreprisen interessant Aarbechtszäitmodeller z‘offréieren. Verschiddener erhoffen sech, datt d‘Leit déi Stonnen, déi se um Büro sinn, méi produktiv schaffe wann se fir de Rescht méi Fräizäit hunn. Aus engem Rapport aus Island geet ervir, dass dat duerchaus ka funktionéieren. Zanter 2015 hu bis zu 3.000 Leit aus Administratiounen awer och dem Privatsecteur un engem Experiment deelgeholl a just nach 35 respektiv 36 Stonnen d‘Woch geschafft. D‘Produktivitéit goung plazeweis an d‘Luucht oder ass um nämmlechten Niveau bliwwen. D‘Leit hätte manner Stress a Burn-Out‘e gehat. An hunn deemno manner gefeelt.

Déi aner Säit vun der Medaile ass awer: Virun allem an der Industrie an am Handwierk ginn d‘Patronen och hei am Land dovun aus, datt se méi Personal missten astellen, wat se net fannen. A wat deier géif kaschten. An dat fir zousätzlechen Trafic op de Stroossen an Tensiounen um Logementsmarché kéint Suergen. Ee System festzeleeën, dee fir all d‘Beruffer d‘selwecht gëllt, ass schwéier. Keng Partei huet schonn e konkrete Modell virgeluecht. Et däerf een also op d‘Konklusioune vun der Etüd gespaant sinn, déi den Aarbechtsminister an Optrag ginn hat. Resultater gi sech ufanks Abrëll erwaart.

Back to Top
CIM LOGO