Et ass e Problem fir d'Vertrieder vun der Nokrichszäit, fir d'Memoire un den Zweete Weltkrich oprecht z'erhalen, dat sot um Méindeg de Moien de President vun den Zwangsrekrutéierten den Erny Lamborelle. Et géif net duergoen, e Kranz néierzeleeën, eng Sonnerie aus morts ze héieren an eng Kéier e Fändel dohinner ze stellen. Et misst ee ganz sécher nei Weeër goen an der Commemoratioun.
Een neie Wee war de gëeente Comité pour la mémoire de la deuxième guerre mondiale, an deem Vertrieder vun der Federatioun vun den Zwangsrekrutéierten, der Resistenz an der jiddescher Communautéit paritéitesch dra vertruede sinn. Den Erny Lamborelle ass zejoert aus deem Comité demissionéiert, nëmmen e puer Méint nodeems de Gremium mat senger Aarbecht ugefaangen hat. Dobäi hätt d'Federatioun vun den Zwangsrekrutéierten d'Iddi vum Comité souguer mat initiéiert.
Déi éischt Nokrichsgeneratioun hätt sécher e Recht, fir ze wëssen an ze uerteelen awer net fir ze veruerteelen, sot den Erny Lamborelle. Sécher dierft et och kee "Beautykontest" ginn wéi eng Affergrupp am meeschte Meritten hätt.
D'Zwangsrekrutéierten distanzéiere sech ausdrécklech vun deenen 1.500 Lëtzebuerger, déi scho virun der Proklamatioun vum Gauleiter Simon an der Wehrmacht waren. Et wier kloer, datt d'Collaboratioun zu Lëtzebuerg méi grouss war, wéi dat bis ewell duergestallt gouf.
Fir un de Massaker virun 73 Joer un 819 Prisonéier, dorënner 91 Lëtzebuerger, am Prisong zu Sonnenbuerg z'erënneren ass en Dënschdeg den Owend eng Gedenkzeremonie zu Diddeleng geplangt. De Mord un 91 Lëtzebuerger, haaptsächlech Zwangsrekrutéierter, war de schlëmmste Massaker un der Lëtzebuerger Communautéit während dem Zweete Weltkrich.
Invité e Méindeg ëm 10 op 8 war den Erny Lamborelle, President vun der Federatioun vun den Enrôlés de force.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren