Mat Mask an den AarbechtsalldagEstheticienne an Optiker: Hygiène a Schutz fir de Client assuréieren

Lynn Cruchten
Mat der zweeter Phas vum Deconfinement hunn dës Woch ënner anerem och nees d'Schéinheetssalonen hir Dieren opgemaach.
Estheticienne an Optiker: Hygiène a Schutz fir Client
Mat der zweeter Phas vum Deconfinement hunn dës Woch ënner anerem och nees an d'Institut de Beautéën ugefaang mat schaffen.

Och wann an dësem Secteur d’Hygiène ëmmer schonn eng ganz wichteg Roll gespillt huet, waren d’Estheticiennë gefuerdert, Recommandatiounen auszeschaffen, fir den néidege Schutz fir sech an d’Cliente wärend der Corona-Pandemie ze garantéieren.

2 Méint waren d’Schéinheets-Salonen zou. Mat Recht, soen d’Estheticiennë selwer, well jo awer nach villes iwwert de Corona-Virus net gewosst war a si ganz no um Client schaffen. Ma d’Zäit ass um Enn awer laang ginn a gären hätt ee schonn nees Enn Abrëll ugerappt, schlussendlech koum de Feu Vert fir d’Reprise vum 11. Mee un.

D’Clienten hätten och weider keng Angscht, fir sech am Institut unzestiechen. Fir de Risiko vun enger Infektioun op e Minimum ze reduzéieren, wiere jo och déi néideg Sécherheets- an Hygiènesmesuren en place gesat ginn. Déi kënne jee nodeem wéi vill Mataarbechter mateneeschaffen a wéi d‘Opdeelung vun de Reim ass an och ofhängeg vun der Behandlung variéieren. De Mask ass awer an all Institut Flicht, fir d’Estheticienne an de Client.

Änlech wéi an de Institut de Beautéë schaffen och vill Optiker mat Visière, zemools an deene Momenter, wou se dem Client méi no kommen. An anere Situatiounen hëlleft e Plexiglas als Schutz, d’Händsche komme méi dacks an den Asaz an et gëtt gekuckt, datt alles, wat ugepak gouf ëmmer nees desinfizéiert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO