Invité vun der Redaktioun (14. Abrëll) - Maxime Miltgen"Et ass de Moment komm fir eng richteg Tripartite"

Carine Lemmer
En Dënscheg de Moie war ënner anerem d'Situatioun an der LSAP Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Maxime Miltgen
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Et feelt der Regierung u politeschem Courage. Ënnert engem Jean Asselborn fréier hate mer an der Aussepolitik eng kloer Linn. Mir goufen och am Ausland gehéiert. Dat feelt haut. Déi Kritik koum en Dënschdeg de Moie vun der Maxime Miltgen als eis Invitée vun der Redaktioun. Déi Stater Gemengeconseillère ass zanter engem Mount Co-Parteipresidentin vun der LSAP, zesumme mam Deputéierte Georges Engel.

Lëtzebuerg hätt soss ëmmer Brécke konnte bauen. Dat gëllt och innepolitesch. Et wier elo un der Zäit fir eng Tripartite, awer eng richteg Tripartite, wou op all Sozialpartner gelauschtert gëtt a Kompromësser fonnt ginn. D’Leit, wéi och d’Betriber missten aktuell, wéinst den héijen Energiepräisser, gehollef kréien. D’Maxime Miltgen kéint sech och vill méi eng grouss Tripartite virstellen, wou och iwwer aner strukturell Problemer am Land geschwat gëtt an net just Mesurë fir kuerzfristeg Problemer geholl ginn.

Wat de Mindestloun ugeet, wier déi sozialistesch Devise kloer: Vun deem misst een dezent kënnen hei am Land liewen. Dat wier fir vill Leit awer scho laang net méi de Fall. De Mindestloun ze héijen, wier dofir en absolutte Muss. De Problem géif awer vill méi wäit goen.

De Mindestloun an d’Luucht setzen, wier just Plooschter-Politik, “eng Plooschter op eng grouss Wonn”, fënnt d’Maxime Miltgen. U sech bräicht et eng richteg Steierreform, en Ëmverdeele vum Räichtum, an e konsequenten Ausbau vum ëffentlech soziale Logement.

Op der Deputéiert Paulette Lenert hire Wiessel an de Staatsrot ugeschwat, huet d’LSAP-Co-Parteipresidentin vun engem grousse Verloscht fir d’Fraktioun geschwat, well si eng excellent Politikerin wär. Mä et wär e perséinleche Choix, deen ee misst respektéieren. An am Staatsrot wär si sécher eng Plus-value als Juristin a fréier Riichterin.

Fir d’Paulette Lenert wäert an der Chamber warscheinlech de Ben Streff noréckelen. Deen hat als Parteimanager an als Bezierkspresident am Osten demissionéiert an d’Partei a speziell d’Fraktioun an déi fréier LSAP-Ministeren ëffentlech kritiséiert. Et wär awer ok, datt grad hien noréckelt, huet déi nei Parteipresidentin gemengt. Dat géif bei d’LSAP passen a kéint och eng positiv Dynamik mat sech bréngen. D’Kritik ëffentlech ze maachen, dat hätt hirer Meenung no awer net misse sinn. De Ben Streff hätt gesot, datt e Politiker mindestens 200% misst ginn. Da géif si sech vun him 300% erwaarden a si wär sech sécher, datt en dat och mécht.

Invité vun der Redaktioun: Maxime Miltgen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO