25 Joer Groupe de Support Psychologique"Et ass e Benevolat, fir deen ee muss gemaach sinn", sou d'Marceline Goergen

RTL Lëtzebuerg
No Accidenter, Suiciden oder traumateschen Erliefnisser sinn d'Benevolle vum GSP déi, déi den Hannerbliwwenen eng éischt Ënnerstëtzung bidden.
© Raymond Brausch

Viru 25 Joer gouf de Groupe de Support Psychologique (GSP) gegrënnt, nodeems een erkannt hat, dass eng Struktur fir psychologesch Hëllef, fir Affer vun Accidenter oder Gewalt, Hannerbliwwene no engem Suicide oder déidlechem Accident, awer och dem Rettungsdéngscht, noutwenneg ass. Zënter 2018 gehéiert de GSP dann och offiziell zum CGDIS.

De Groupe de Support Psychologique feiert 25 Joer

Mëttlerweil 90 Benevolle gehéieren zum GSP. Eng 73 hunn hir Grondausbildung ofgeschloss an deele sech d’Permanencen ënnerteneen op. De GSP ass nämlech 24 op 24 Stonnen an dat 365 Deeg am Joer prett fir all Asaz.

D’Marceline Goergen ass eent vun de 90 Benevollen a gehéiert zënter 12 Joer zum GSP. Keen Asaz ass wéi deen aneren, ma ënnert anerem dëse Fall ass bei hir awer besonnesch hänke bliwwen: “Mir ware bei enger Famill, wou de Mann doheem verstuerwen ass. Den Hond, eng dänesch Dogg, huet säi Kapp op meng Schëller geluecht a gewinselt. En huet net verstanen, wou säi Meeschter wier. Do si mir mam Hond erop bei de Verstuerwene gaangen an en duerft sech eng leschte Kéier bei säi Meeschter an d’Bett leeën. Dat si sou speziell Situatiounen, un déi ee sech méi dacks erënnert.”

D’Marceline Goergen ass fréier sëlwer op der Ambulanz matgefuer, ma elo ass si beim GSP ganz engagéiert. “Et ass keng negativ Aarbecht. Mir hëllefen den Hannerbliwwene vu Verstuerwenen duerch e Moment, wou vill Froen opstinn. Wéi fannen ech ee Bestatter? Wéi organiséieren ech Begriefnis a wéi traueren ech iwwerhaapt? Dofir si mir dann do. Eng éischt Ënnerstëtzung an engem Schockmoment voller Leed an Trauer.”

Hir Aarbecht fänkt nämlech dann un, wann d’Police oder de Samu schlecht Noriichten iwwerbruecht hunn. Da sinn d’Benevolle vum GSP do fir de Leit a schwéiere Noutsituatioune bäizestoen an eng éischt psychologesch Hëllef unzebidden.

Ma fir an esou Situatioune richteg ze reagéiere muss ee vu sech aus schonn eng gewësse Mënschekenntnis a vill Empathie matbréngen. Et muss een awer Zäit hunn fir dëst Benevolat ze maachen. “Dat ass e Facteur, deen enger Partie Interessenten net bewosst ass”, sou d’Marceline Goergen. All Benevole, dee sech beim GSP engagéiere wëll, muss eng Formatioun vun zwee Joer maachen. Duerno gëllt et dann Zäit fir d’Permanence ze fannen. “Eis Permanencen daueren ëm déi 3 bis 4 Stonnen. Et muss ee sech awer bewosst sinn, dass en Asaz och mol méi laang dauere kann. Wann ee bis 3 Déngscht huet, awer réischt um hallwer 3 geruff gëtt, wäert den Déngscht an de meeschte Fäll net um 3 eriwwer sinn. Et ass eng gewësse Flexibilitéit gefrot.”

De GSP ass awer net nëmme fir Affer an Hannerbliwwener vu Verstuerwenen do, mee och fir d’Pompjeeën an de Rettungsdéngscht. “Och si kënne mol en aussergewéinlechen Asaz hunn, dee se méi belaascht wéi all aneren. No esou Fäll kënne si da mat eis schwätzen a sech matdeelen.”

Ma wéi geet een da selwer mat dësen Asätz ëm, wann een ëmmer muss fir déi aner do sinn?
“Et muss ee sech doheem en Eck sichen, wou een och mol zur Rou komme kann. Mir tauschen eis awer och vill an eisem Grupp aus a schwätzen iwwert d’Fäll. Wat war gutt? Wat hätt kënne besser lafen? Dat hëlleft!,
sou de Rot vum Marceline Goergen.

Ganzer 183.960 Stonne Permanencen hunn d’Membere vum GSP an de leschte 25 Joer gemaach. Wärenddeem goufen si bal 5.000 Mol op en Asaz geruff an hunn honnertdausende Kilometer zu Lëtzebuerg zeréckgeluecht.

Back to Top
CIM LOGO