Accisen um SpritEt geet rieds vun enger Hausse vun 1-3 Cent pro Joer

Jean-Marc Sturm
Obwuel d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg beim Taux vun der Hausse méi vague bleift, schwätzt de Claude Turmes vun 1-3 Cent pro Joer.
© RTL Archiv

D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg war déi dreiwend Kraaft vum Klima-Accord vu Paräis. An där Logik ass Lëtzebuerg decidéiert, d'Ziler vun deem Accord ze erreechen, fir d'CO2-Emissioune reduzéiert ze kréien. An deem Kontext ass eng Hausse vun den Accisen um Sprit geplangt.

Déi Approche hat d'CSV-Deputéiert Martine Hansen a Gilles Roth op de Plang geruff. D'Äntwert koum vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.

Se bleift relativ vague, et ass just d'Confirmatioun, dass déi méi héich Steieren op Bensin an Diesel nach fir dëst Joer wäerte sinn. Wéi grouss déi Hausse ausfält, géif vun der Vente vu Sprit an hirem Afloss op d'Zieler bei der CO2-Reduktioun ofhänken.

Den Energieminister Claude Turmes war do virun annerhallwer Woch an eiser Emissioun Background am Gespréich schonn e bësse méi präzis. Hei huet de Minister nämlech betount, dass d'Hausse kéim, wann de Budget gestëmmt gëtt, also nach am Joer 2019. Den Ëmweltminister schwätzt vun 1-3 Cent dëst Joer an dono dann eventuell 1-3 Cent am Joer 2020. Natierlech misst dat observéiert ginn, well een en Equiliber tëscht Klimapolitik op der enger Säit an dem Revenue vum Staat op der anerer Säit misst fannen.

De Claude Turmes iwwer d'Accisen um Sprit

D'Carole Dieschbourg hirersäits präziséiert nach, dass een interministerielle Comité aus de Ressorte Finanzen, Ëmwelt, Energie a Wirtschaft, geschafe gëtt, fir am Detail ze kucken, wéi de Verkaf vu Bensin an Diesel heiheem evoluéiert , wéi een Impakt dee Verkaf huet a wat ee soll maache fir ee méi effikasse Klimaschutz.

Back to Top
CIM LOGO