Invité vun der Redaktioun (5. Februar) - Marc HansenEt gëtt keng Konkurrenz tëscht ëffentlechem a Privatsecteur

Sascha Georges
En Dënschdeg war de Minister vun der Fonction publique an delegéierte Minister fir Digitalisatioun eisen Invité vun der Redaktioun.
Radio - Invité vun der Redaktioun: Marc Hansen
En Dënschdeg war de Minister vun der Fonction publique an delegéierte Minister fir Digitalisatioun eisen Invité vun der Redaktioun.

Et dierf een net bei de jonke Leit spueren, d'Formatiounen mussen adaptéiert ginn an et muss een der Digitalisatioun gerecht ginn, dat sot de Minister vun der Fonction publique an delegéierte Minister fir Digitalisatioun Marc Hansen um Dënschdeg de Moien. Hie war den Invité vun der Redaktioun.

An der Fonction publique soll zum Beispill den Télétravail nach ausgebaut ginn, wëll ee géing mierken, datt dat eng gutt Pist wier. Do géingen et och Pilotprojete ginn, sot de Marc Hansen.

D'Digitalisatioun wier eng vun de grousse Prioritéiten - dobäi géing et net just drëm goen Informatikscoursen unzebidden. Digitalisatioun géing haut vill méi heeschen an et dierft een dobäi ni vergiessen, datt de Mënsch am Mëttelpunkt stoe misst.

Eng Konkurrenz tëscht ëffentlechem- a Privatsecteur géing et dem Marc Hansen no net ginn, hei géing dacks a Klischeeë geschwat ginn.

En Dënschdeg war de Minister vun der Fonction publique an delegéierte Minister fir Digitalisatioun eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren

Back to Top
CIM LOGO