Deemno kann an den Zuelen net ënnerscheet ginn, ob et sech ëm e Kand handelt, dat Affer oder Täter ass, well alles ënnert ee Gesetz fält. Dat kruten d’Deputéiert an enger Chamberkommissioun erkläert. Ma et ass awer net, wéi wann et kee Problem géing ginn. All Joer mécht de Parquet an der Moyenne eng 1.500 nei Dossieren op, dat bedeit also, dass all Joer eng 1.500 nei Kanner betraff sinn.
An enger Kommissiounssëtzung wollten d’Deputéiert och wëssen, ob et hei am Land e Problem mat Jugendbande gëtt.
“Et gi Jugendbanden”, esou de Procureur Adjoint am Jugendschutz, den David Lentz. Mee eng Bandekriminalitéit gëtt et net, huet hie betount. Éischter kann et virkommen, dass eenzel Jonker, déi an esou engem Grupp sinn, kriminell ginn.
Allgemeng bemierkt de Parquet awer, dass d’Zuel vun den Dossieren am Jugendschutz an d’Luucht geet. Um 1. Juli 2023 gouf et e Plus vu 40 Prozent bei den Dossiere par rapport zum Joer virdrun. Ma hei misst awer en Ënnerscheed tëscht Maltraitance an Delinquence gemaach ginn. Wat de Mëssbrauch ugeet, konnt eng Hausse vun 30 Prozent registréiert ginn, ëm 10 Prozent ass d’Kriminalitéit an d’Luucht gaangen.
Dass d’Zuele vu Maltraitance a Kriminalitéit ëmmer just zesummen erhuewe ginn, hunn d’Deputéiert an der Chamber bedauert. Ma dat soll sech mat der Reform änneren, esou d’Justizministesch Sam Tanson. Da ginn de Jugendschutz an d’Jugendstrofrecht nämlech vunenee getrennt.
Eng Reform, déi zwar hëlleft, fir méi konkret Statistiken ze erhiewen, mee dem Parquet no ze vill rigide wier, wat d’Trennung ugeet. Dofir hat de Parquet d’Propos gemaach, nach als Verbindung tëscht dem Jugendschutz an dem Jugendstrofrecht ze bleiwen. Dat ass an den zwee neie Gesetzestexter awer net virgesinn.
Et wier nämlech wichteg, sech e komplett Bild vum Kand oder Jugendleche kënnen ze maachen. Kriminalitéit am jonken Alter huet dacks mam Encadrement ze dinn. Dofir misst d’Schoul méi kënnen agebonne ginn, hunn d’Deputéiert an der Chamber fonnt, notamment wat d’Statistiken ugeet. Der CSV-Deputéiert Martine Hansen no misst et méiglech sinn, an de Schoulen ze retracéieren, wa Schüler eng disziplinaresch Mesure wéinst Gewalt kréien. De Gilles Baum, DP-Deputéierten huet sech fir méi Präventioun an de Schoulen ausgeschwat, virun allem well Gewaltvideoen, déi dacks entstinn, och psychologesch Suitte mat sech bréngen. De Parquet erënnert, dass d’Filmen an d’Verbreede vu Videoen eng Strofdot ass.