
Sou goufen et zum Beispill zejoert bei enger Zuel vu knapp 4450 Baufirmen eng 130 Faillitten, wat en Taux vun 3 Prozent ausmécht. Dësen Taux ass iwwert déi läscht 4 Joer quasi komplett stabel bliwwen. Et ass deemno net esou, datt duerch d’Effekter vun der Pandemie méi Baubetriber hätte missen de Schlëssel ënnert den Tapis leeën.
Wéi d’Ministere Franz Fayot, Sam Tanson a Lex Delles preziséieren, wieren et wuel zejoert Baufirme ginn, déi wéinst der Pandemie an d’Laberente gerode wieren, mee dëst wier duerch Ausfäll beim Personal gewiescht an net, wëll et u Commande gefeelt hätt.
De Grond fir d’Faillitte wier net d’Corona-Kris, mee villméi eng schlecht Gestioun vum Betrib. Och datt d’Baumaterial knapp ginn ass, hätt net zu den Insolvenze bäigedroen, sou déi dräi zoustänneg Ministeren.
Wat Fusiounen an d’Opkafe vu Baufirmen ugeet, sou verweisen d’Ministeren op eng ëffentlech Consultatioun, déi aktuell am Gaang ass, fir datt spéider solle Kontrollen am nationale Recht agefouert ginn, fir d’Konzentratioune vun de Betriber ze iwwerwaachen, dat am Sënn vun enger gesonder Konkurrenz an dem Impakt op de Marché.
All dës Prezisioune liwweren d’Ministere fir d’Ekonomie, de Mëttelstand an d’Justiz op eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierten André Bauler.