Op der Bunn ass den Trafic am Süde vum Land erëm am Gaang sech ze normaliséieren, nodeems et do jo zu Perturbatioune koum. Dat sot eis d'Pressespriecherin Sandy Nonnweiler vun den CFL.
An der Nuecht op en Dënschdeg war op engem Chantier e Kabel zerstéiert ginn. Entretemps ass de Schued reparéiert ginn.
Et war awer am Laf vum Mueren zu Verspéidungen an Zuchausfäll komm. D'Frontalierszich aus Frankräich hate Verspéidung, well se op Sichtbetrib gefuer sinn.
Den Ament wier een an enger reprise progressive vum normalen Trafic. Den CFL-Feierowend-Betrib dierft och erëm normal lafen.