
De Mann war an engem Bus um Kierchbierg a war offensichtlech alkoholiséiert. Eng Policepatrull konnt de Mann dann och séier untreffen. Opgrond vu sengem staark alkoholiséierten Zoustand koum hien fir auszeniichteren an Arrest, nodeems e beim Dokter fir eng medezinesch Ënnersichung war.
De selwechten Owend gouf e Mann gemellt, deen an der Foussgängerzon zu Ettelbréck Passante belästegt huet. Eng Policepatrull ass op de offensichtlech alkohliséierte Mann duergaangen, deen d’Beamten du beleidegt huet. Opgrond vu sengem staark alkoholiséierten Zoustand an de Fait, dass hien déi ëffentlech Uerdnung stéiert, koum hien fir auszeniichteren an Arrest, nodeems e beim Dokter fir eng medezinesch Ënnersichung war.