
D’Personal huet d’Aarbecht bei der US-amerikanescher Entreprise néiergeluecht. Et geet ëm besser Aarbechtskonditioune fir d’Personal. 2,5 % méi an der Paitut an zousätzlech 3 Congésdeeg ginn am Kollektivvertrag gefuerdert.
RTL-Informatiounen no géifen zanter e puer Deeg elo Verhandlungen tëscht der Direktioun a Vertrieder vum OGB-L lafen. Wou e genee do dru wär, konnt oder wollt een eis elo nach net genee soen.
Et hofft een awer am Interessi vum Personal, an awer och der Firma, nach eng Eenegung virun de Feierdeeg ze fannen. Et ass awer och méiglech, dass d’Gespréicher sech iwwer d’Chrëschtfeierdeeg eraus zéie kéinten.
Bei “Ampacet” schaffen eng ronn 60 Leit.