
Iwwer d’Hallschent, 56 Prozent vun de Befroten zu Lëtzebuerg hunn uginn, bannent de leschte fënnef Joer Diskriminéierungen erlieft ze hunn. Ëmmerhin nach 44 Prozent haten am leschte Joer virun der Enquête mat Diskriminéierungen ze kämpfen.
Heefegst Ursaachen fir déi Ongläichbehandlungen waren hire Migratiounshannergrond, respektiv hir Hautfaarf. Just fënnef Prozent vun de befroten Afrodescendante fille sech wéinst hirer Relioun oder hirem Glawen diskriminéiert.
Fir d’Enquête, déi 2022 duerchgefouert gouf, sinn hei am Land 565 Leit befrot ginn, vun deenen iwwer en Drëttel d’Lëtzebuerger Nationalitéit huet a vun deenen sech iwwer zwee Drëttel als Afrodescendant identifizéiert. D’Resultater vun dësem Rapport fale manner schlecht aus wéi bei der viregter Publikatioun 2018. Deemools war Lëtzebuerg hanner Finnland als dat Land opgefall, an deem BiergerInnen mat afrikaneschen Originnen sech am meeschten diskriminéiert gefillt hunn. Am November 2019 war doropshin d’Konferenz “Being Black in Luxembourg” organiséiert ginn, bei där déi deemoleg Familljeministerin Corinne Cahen vill Kritik kritt hat. Si hat sech schockéiert gewisen, iwwer d’Envergure vun de rassistesche Virurteeler an domat gewisen, datt si d’Situatioun géing verkennen.
Dës soi-disant Verbesserung am Verglach mam leschte Rapport ass awer wéinst methodologesche Changementer an der Wierkung vun de Pandemie-Mesurë mat Virsiicht ze genéissen.
D’Enquête weist, datt et zu Lëtzebuerg nawell Probleemer an der Aarbechtswelt ginn. 38 Prozent vun de Befrote soten, si wieren op der Sich no enger Schaff benodeelegt ginn an iwwer en Drëttel huet Diskriminatiounen op der Aarbecht erlieft. Ëmmerhin e Véierel seet, si hätten och Diskriminatiounen an der Schoul matgemaach. Am Verglach mat der Populatioun insgesamt maache BiergerInnen mat afrikaneschen Originne vill méi dacks onqualifizéiert, kierperlech penibel Aarbechten an dat vill méi heefeg a prekäre Konditiounen. Si hunn dann och wéineg iwwerraschend vill méi oft Probleemer wéi déi wäiss BiergerInnen, hir Rechnungen ze bezuelen.
E weidere Probleem ass, datt knapps e Fënneftel vun de Leit wousst, wou se Diskriminéierunge kéinte mellen, nämlech bei Centre pour l’égalité du traitement.