
D’Relatiounen tëscht Frankräich a Lëtzebuerg wiere staark a villfälteg, mee och komplex. Grouss Dossiere wéi Teletravail a Chômage-Remboursementer wieren nach net ofgeschloss. D’Zil ass dem Christophe Bouchard no awer kloer: praktesch Léisunge fannen, fir datt béid Säiten dës Entwécklung vun der Groussregioun nohalteg kënnen ofsécheren.
Dem Ambassadeur no sinn déi meescht Fransousen, déi zu Lëtzebuerg liewen oder schaffen, ganz zefridden. Si deelen awer d’Suerge vun den Awunner: héich Wunnkäschten, wirtschaftlech geet et méi lues an et gëtt ee Gefill vun enger wuessender Onsécherheet.
Fir déi ronn 126.000 Frontalieren, déi a Frankräich wunnen an zu Lëtzebuerg schaffen, bleift virun allem de Verkéier déi gréisst Erausfuerderung. Den Transit gëtt ëmmer méi komplizéiert, sief et mam Auto oder mam Zuch. Dobäi kënnt d’Fro vum Gläichgewiicht tëscht Aarbecht a Privatliewen. Den Ambassadeur betount, datt dëst grenziwwerschreidend Gebitt wéi eng grouss Agglomeratioun misst ugesi ginn, wou d’Entwécklung harmonesch organiséiert gëtt.
Vill Leit aus dem Gesondheetssecteur op franséischer Säit ginn duerch besser bezuelte Plazen zu Lëtzebuerg ugezunn. Dat féiert a verschiddene franséische Regiounen zu Personalmangel, besonnesch am Grand Est. Fir deem entgéintzewierken, goufen Initiativen agefouert, fir Personal an der Regioun ze halen oder nei unzezéien. Eng nei Mesure erlaabt et Fransousen aus der Grenzregioun, sech zu Lëtzebuerg behandelen ze loossen an d’Käschte vun der franséischer Sécurité sociale no Lëtzebuerger Tariffer rembourséiert ze kréien. Eng Pilotphas start am Beräich Dermatologie.
Béid Länner si sech eens, datt méi Teletravail sënnvoll wier. Aktuell dierfe Frontalieren 34 Deeg am Joer vun doheem a Frankräich schaffen, ouni datt sech hir Steiersituatioun ännert. Lëtzebuerg proposéiert eng Erhéijung op 45 Deeg, Frankräich op 90 Deeg, also zwee Deeg pro Woch. D’Diskussiounen dréine sech ëm déi genee Zuel an ëm eng finanziell Kompensatioun fir méiglech Steierverloschter fir Frankräich. Den Ambassadeur ënnersträicht, datt all zousätzlechen Teletravail-Dag de Verkéier entlaascht, d’Zich manner iwwerfëllt a manner Autoen op de Stroossen ënnerwee sinn – also e Virdeel fir jiddereen.
Wann e Frontalier seng Aarbecht verléiert, bezilt Frankräich d’Chômage-Indemnitéiten, obwuel d’Cotisatiounen zu Lëtzebuerg bezuelt goufen. Lëtzebuerg rembourséiert de Moment dräi Méint vun zwielef. Frankräich fuerdert eng méi gerecht Léisung, zum Beispill fënnef Méint Remboursement. Parallel dozou gëtt op europäeschem Niveau iwwer eng Reform diskutéiert, bei där an Zukunft d’Land vun der Beschäftegung, an dësem Fall also Lëtzebuerg, misst bezuelen. Well dës Verhandlungen Zäit brauchen, gëtt och eng bilateral Léisung gesicht.
Frankräich ass e wichtegen Investisseur a Handelspartner fir Lëtzebuerg, ënner anerem am Banken-, Automobil- a Stolsecteur. Zukunftssecteure mat Potenzial si virun allem nei Technologien wéi kënschtlech Intelligenz, Quantentechnologie an Dateveraarbechtung. Och d’Raumfaart an d’Verdeedegung gewannen u Bedeitung. Lëtzebuerg investéiert méi staark an d’Defense an et gëtt konkret Projete mat franséische Firmen, ënner anerem bei militäreschem Material.