
Verschidde Länner, wéi Frankräich a Spuenien, hunn neierdéngs Problemer, zum Beispill am Beräich vun der Véizuucht, nodeems sech de Wollef bei hinnen nees a verschiddene Regioune relativ massiv ausgebreet huet.
Lëtzebuerg wëll solidaresch mat deene Länner sinn, ouni datt een do de Wollef zum Ofschoss fräigëtt. De Schutz vum Wollef zu Lëtzebuerg selwer geet op alle Fall net erof, sot e Mëttwochmëtteg den Ëmweltminister Serge Wilmes an der parlamentarescher Ëmweltkommissioun:
“Lëtzebuerg huet kee Wollef a mir wäerten och héchstwarscheinlech ni iergendwou eng Populatioun vu Wëllef kréien. Dat heescht, dass et zu Lëtzebuerg och streng wäert geschützt bleiwen. Mä well awer ëmmer eng Demande koum vun anere Länner, well si punktuell Problemer hunn a si gäre méi Flexibilitéit wëllen hunn an der Verwaltung vum Wollef, hu mer decidéiert, eis der Solidaritéit do unzeschléissen an eis Positioun unzepassen deementspriechend.”
Dee Grapp voll Wëllef, déi hei am Land gesi goufen, huet also weider den héchste Protektiounsstatut.