
Net all Kriibszort an de Flëss gëtt gefëscht, fir giess ze ginn. Och net all Zorte Flosskriibse sinn typesch a Lëtzebuerger Gewässer.
Sou ass dat de Fall bei zum Beispill der invasiver Zort vum Signal-Kriibs, deen et eréischt zanter ronn 50 Joer hei am Land gëtt. An deem seng Populatioun surveilléiert gëtt.
Wat och néideg ass, well dës exotesch Kriibszort, grad wéi d'Ecrevisse américaine ganz resistent sinn an Allesfrësser sinn. Wéi de Numm et seet, erniere Si sech zum Beispill vun Libellen oder Baachmuschelen, déi hirersäits awer protegéiert sinn.
D'Naturverwaltung fänkt duerfir dës invasiv Kriibszorten an zwar net ze knapp.
Enger Opstellung vun dëser Verwaltung no goufe bannent de leschte 4 Joer bal 28.000 där Kriibse gefëscht. Dat zum gréissten Deel mat Fëschkeefeger.
Dat ass de Fall an der Sauer, der Our, der Wollefsbach an an engem Weier vum Haff Réimech.
Och d'Waasserwirtschaftsamt huet där Kriibse gefaangen an zwar bal 400, duerch d'elektrescht Fëschen.
Am Kader vum Schutz vum Eil goufen an der Sauer nach eemol ronn 500 Kilo Kriibse gefaangen. Et geet also net drëms, dës Zorten konsequent ausstierwen ze loossen, mä villméi, fir d'Kriibs-Propagatioun am Grëff ze behalen, notamment wéinst dem Erhale vun de Baach-Muschelen a Libellen.
Wéi et heescht, géifen absënns um Site vum Haff Réimech d'invasiv Kriibsen am A behale ginn.
Bis ewell gouf eréischt mat engem eenzege Restaurateur eng Konventioun ënnerschriwwen, fir datt déi gefaangen Kriibsen och kënne gekacht ginn an op den Teller kommen.