
An der Haaptsaach gouf dobäi en Expert gehéiert, dee Bluttspuren analyséiert.
Op Grond vu sengen Explikatiounen an de Froe vun den eenzelen Prozessparteien dozou ass decidéiert ginn, den Auto ënnert d'Lupp ze huelen, an deem déi zwee Affer sollen erschoss gi sinn.
Dee Rendez-vous ass op e Mëttwoch fixéiert ginn. D'Demande dofir koum vum Me Rosario Grasso, Affekot vum Haaptugekloten, dat wéinst de ville Froen, déi keng prezis Äntwert kruten. De Me Knaff, Affekot vum zweete Beschëllegten, hat sech där Demande ugeschloss. Wouropshin de Vertrieder vum Parquet gemengt huet, dass een do wär, fir d'Wourecht erauszefannen. Hie selwer hätt bis elo och eng aner Lecture vun dëser Expertis gehat, ma déi wär net méi déiselwecht. No enger Ënnerbriechung vun der Sëtzung huet d'Presidentin vum Geriicht dunn dee weidere Rendez-vous a 5 Deeg ordonnéiert.
Do virdrun hat den Expert keng konkret Äntwert op d'Fro kënne ginn, wéi dat éischt Affer ëm d'Liewe koum. Et wär nämlech zum Beispill méiglech, dass den Auteur vum déidleche Schoss an dee Mann zesumme vir, respektiv zesummen hannen am Auto souzen, oder dass de Bäifuerersëtz, op deem d'Affer ënner Ëmstänn gesiess huet, maximal no hanne geréckelt war. Egal wéi, misst d'Affer zu engem gewëssenen Zäitpunkt hannen am Auto gewiescht sinn, wat bis dato nach keng Hypothees war, respektiv am Kontakt mat engem Teppech do. Dogéint gëtt et, wat dat zweet Affer ugeet, keen Zweiwel: Dës Fra hätt vir riets gesiess a wär duerch e Schoss gestuerwen, dee vu lénks no riets goung.
Um Ufank vun der Sëtzung hat en Toxikolog erkläert, dass ënner anere am Blutt vum Haaptugekloten eng relativ héich Konzentratioun vu Kokain an eng extrem héich vum Medikament Tramadol fonnt goufen. De Mann wär ënnert dem Afloss vu béide Substanze gewiescht, woubäi d'Medikament, dat éischter stimuléiert, wuel d'Iwwerhand gehat hätt. Doduerch hätt de Mann, Zitat, „d'Realitéit net méi sou matkritt“.
„Mir hu Parallelle gesinn!“: Dat sot en Enquêteur vun der Police judiciaire de Moien um Stater Geriicht am Prozess géint zwee Männer wéinst zwee Morden, am November 2016, um Schléiwenhaff a beim Fräiheetsbam.
D'Affer, en Drogendealer an eng Prostituéiert, wären duerch e Kappschoss ëmkomm, aus enger Waff vun ähnlechem Kaliber. Si wären nuets gestuerwen, net op där Plaz, wou se fonnt goufen, koumen aus sozial schwaache Milieue vun der Stater Gare, hätte keng Ofwierblessure gehat a wären deemno wuel aus dem Hannerhalt erschoss ginn. Egal wéi wären zwee Morde bannent e puer Deeg statistesch gesi seelen.
Den 10. November 2016 wär een doriwwer informéiert ginn, dass um Schléiwenhaff eng Läich fonnt gouf; op der Plaz war ënnert anerem en Zigarettestomp entdeckt ginn, deen dem Haaptugeklote konnt zougeuerdent ginn, sou den Enquêteur. D'Identitéit vum Affer wär onkloer gewiescht, op en Zeienopruff hin hätt kee sech direkt gemellt, an et wär kuerz roueg ginn. Den 13./14. November du wär d'Fra vermësst gemellt ginn. Eng 1. Sichaktioun hätt näischt erginn, ma hiren Handy wär nach u gewiescht, an der Géigend vu Mamer; hir Läich gouf doropshi beim Fräiheetsbam fonnt. D'Identitéit war relativ séier kloer, a kleng Schierbelen ënnert der Läich, wuel vun engem Auto, hätte sech als wichteg Spuer erwisen. Beim Zeienopruff zu där Dot gouf heirop higewisen, wouropshi sech d'Mamm vum Haaptugeklote gemellt hat. D'Bäifuererfënster vum Jong sengem Auto wär futti gewiescht an hie schlecht drop, ënnert anerem wéinst Scholden an Drogen. D'Mamm hat och Kleeder mat Bluttspuren an der Mall a soss nach Blutt am Auto fonnt.
Den Haaptugeklote gouf de 16. November doheem festgeholl. De Mann sot an engem 1. Verhéier, hie wär béid Nuechten doheem gewiescht; bei enger zweeter Auditioun hat hien dunn zouginn, dass d'Blutt mam 1. Affer ze dinn hätt. Hie wär den zweete Beschëllegte siche gaangen, deen Droge wollt hunn; si hätten den Dealer getraff, deen nach Droge siche goung, well hien der net genuch bei sech hat. Si wären de Mann siche gefuer, ma et wär zum Sträit ëm de Präis komm: Doropshin hätt den zweete Beschëllegten den Dealer mat enger Waff erschoss, déi am Auto louch. Hie wär schockéiert gewiescht, awer op de Schléiwenhaff gefuer. Den zweete Beschëllegten hätt wuel och d'Fra ëmbruecht, well hien, Haaptugekloten, deem den Auto geléint gehat hätt. De Won wär mat enger futtisser Fënster erëmkomm, an den zweete Beschëllegten hätt sech u Schierbele blesséiert, wat d'Bluttspuren am Won erkläre géif. De Mann wär och nervös gewiescht.
Dëse Prozess geet en Dënschde virun.
2 Morden am November 2016: Um Geriicht goufen d'Perséinlechkeete beliicht