Glécksspiller amplaz vu politesche MessagenFacebook-Site vun "déi Lénk Norden" gehackt

Sarah Cames
Wien d'Facebook-Säit vun deene Lénken am Norden abonéiert huet, dee wäert dëser Deeg a sengem Feed Spam-Reklamme fir Online-Glécksspiller fannen.

D’Reklamme ginn allerdéngs net vun der Partei gedeelt - hire Facebook-Site ass gehackt ginn. Zanter dem 2. September deelt d’Säit ënnert dem neien Numm “Bsd303" - Ofkierzung fir “Bandar Slot Dunia” - reegelméisseg Spam, begleet vun Texter, déi op indonesesch verfaasst sinn. Et gëtt awer och fir ee “Slot Server Thailand” Reklamm gemaach.

De Gary Diderich, Parteispriecher vun déi Lénk, confirméiert op Nofro hin, datt d’Säit vun der Partei am Bezierk Norden effektiv gehackt ginn ass. Wien dohannert stécht a wéi et dozou konnt kommen, dat weess weder d’Partei, nach d’Persoun, déi de Site geréiert huet.

Den éischte Post - en Update vum Profilbild - dee vun den Hacker gemaach gouf, geet op de 25. Juni zeréck, genee zwou Wochen no de Gemengewalen. Wéi laang d’Hacker deen Ament schonn Accès op de Facebook-Site vun déi Lénk Norden haten an zum Beispill Privatnoriichten un d’Säit hätte kënne matliesen, ass onkloer.

Och d’Facebook-Säit vun der Campagne “Ech brauch eng Wunneng.” vun déi Lénk ass gehackt ginn. Hei war déi éischt a bis ewell eenzeg Ännerung eng nei Profil- a Cover-Foto, béides um 14. Juli. Béid Sitte géife vun ënnerschiddleche Persoune geréiert ginn, esou datt et do keng Iwwerschneidung gëtt, präziséiert de Gary Diderich.

De Parteispriecher vun déi Lénk geet dervun aus, datt hir Säit express gehackt ginn ass. D’Fro, ob et elo op iergend eng Manéier politesch motivéiert kéint sinn, stéing am Raum, géif sech awer net beäntwerte loossen. Iwwert de Summer hätt een ënnert anerem wéinst dem Walkampf net d’Zäit an d’Moyene gehat, der Saach op de Fong ze goen. Et hätt een d’Hacker iwwer d’Message-Funktioun probéiert ze kontaktéieren, mee dee Versuch blouf ouni Retour. Och eng Meldung u Facebook selwer, datt hir Säit gehackt gi wier, ass ouni Resultat am Sand verlaf.

Aus hirer eegener Facebook-Säit quasi ausgespaart an ouni Méiglechkeet, d’Säit zou ze maachen oder ze läschen, ass deene Lénke just d’Optioun bliwwen, eng nei Facebook-Säit unzeleeën. Den 3. August gouf eng nei Säit fir déi Lénk am Norde gegrënnt. Mat 138 Followers huet dës Säit awer just ee Brochdeel vun der Visibilitéit, déi déi gehackt Säit mat och elo nach 505 Abonnenten huet.

D’Aschätzung vum Expert

Den Alexandre Dulaunoy vum Computer Incident Reponse Center (CIRCL) huet eis eng Aschätzung vun dem Virfall ginn. Datt Facebook-Konte gehackt ginn, kéim nawell dacks vir, bei Privatleit wéi och bei Säiten. Et géing duergoen, op ee falsche Link ze klicken, fir mat Malware, iwwert déi dann de Usernumm an d’Passwuert fir d’Säit geklaut gëtt, infizéiert ze ginn.

Gedeelte Konten - also Säiten, op déi net just eng, mee direkt méi Persounen en Accès hunn - si fir esou Attacken dacks méi ufälleg, well d’Zuel vu Geräter, déi mat Malware infizéiert kéinte sinn, domat och eropgeet. Fir sech beschtméiglech virun esou Attacken ze schützen, wier et dem Alexandre Dulaunoy no wichteg, d’Multi-Faktor-Authentifizéierung ze aktivéieren. Dës soll sécherstellen, datt wierklech och just déi Leit Accès op ee Site kréien, déi dozou berechtegt sinn.

Et hätt fir Hacker elo kee besonnesche Virdeel, fir politesch Parteien an d’Viséier ze huelen. Villméi géif et Hacker op Sitten zéien, déi vill Abonnenten hunn a vill Visitte kréien. Mä Hacker wieren allgemeng opportunistesch a géifen d’Méiglechkeet och bei méi klenge Sitten notzen, wa se sech hinne bitt.

Back to Top
CIM LOGO