
Hei huet e Chauffer, deen en Unhänger hannert sengem Won hat, mat héijer Vitess e Camion iwwerholl, dee grad um ofbéie war. Dobäi ass den Auto mat engem Won, deen entgéint koum, kollidéiert. De schëllege Chauffer ass awer net stoe bliwwen, fir sech ëm de Schued, deen entstanen ass, ze këmmeren, mä ass einfach weidergefuer.
D’Police sicht elo speziell no zwee Cyclisten, déi den Accident gesinn hunn, an der Persoun am zweeten Auto, déi eng Plainte gemaach huet, Donnéeën zu der Direktioun ginn hunn, wouhin de schëllege Chauffer geflücht ass.
Dës zwee Cycliste wéi och eventuell aner Zeie solle sech bei der Police vun Diddeleng um 244 69 1000 oder per E-Mail u Police.DUDELANGE@police.etat.lu mellen.