Fir d'lescht zu Bouneweg gesinnDat 13 Joer jonkt Maria-Estrela Gabriela Scolastica Martinho Zanier gëtt vermësst

RTL Lëtzebuerg
All Informatiounen iwwert den Openthalt vum Meedche si fir d'Police.
© Police / RTL

Zënter en Dënschdeg gëtt dat 13 Joer jonkt Maria-Estrela Gabriela Scolastica Martinho Zanier vermësst. Fir d'lescht gouf d'Meedchen zu Bouneweg gesinn a kéint sech dofir an der Stad, respektiv zu Esch, Schëffleng oder Näerzeng ophalen.

Déi gesichte Persoun ass 1,65m grouss, huet eng schlank Statur, brong Hoer mat blonde Mèchen a brong An. Den Dag wéi déi vermësste Persoun verschwonnen ass, hat se e wäissen T-Shirt, e schwaarze Pullover, eng blo Jeansbox a gro Schong un.

Indicë wou sech déi vermësste Persoun kéint ophalen, si fir d'Police vu Bouneweg um (+352) 244 42 1000 oder per E-Mail op Police.BONNEVOIE@police.etat.lu.

© Police

Back to Top
CIM LOGO