De Bausecteur steet viru groussen Erausfuerderungen. Nieft dem Manktem u qualifizéierte Salariéë mussen sech d'Entreprisen och un nei Technologien, d'Digitaliséierung an d'Dekarboniséierung upassen. Fir de Formatiounssystem am Secteur op laang Siicht ofzesécheren, gëtt d'ASBL Conseil pour le Développement Économique de la Construction (CDEC) elo an d'Fondation BAU ëmgewandelt.
Um Programm stinn och an Zukunft d'Aus- a Weiderbildung, d'Digitaliséierung an d'Bekämpfung vum Manktem u qualifizéiertem Personal. "Et ännert sech eigentlech näischt um normalen Oflaf", huet de President vun der Fondatioun Roland Kuhn op der Presentatioun zu Beetebuerg an der Zone industrielle erkläert. D'Zil wier et, "alles wat mer erschaf hunn, fir d'Zukunft ofzesécheren". Mat enger Fondatioun wier garantéiert, datt de Formatiounszentrum och an de kommende Joerzéngte bestoe bleift an net kéint einfach opgeléist ginn.
D'Geschicht geet op d'Joer 2000 zeréck. Deemools hat de Secteur zesumme mat de Gewerkschaften decidéiert, op d'Formation continue ze setzen, fir d'Kompetitivitéit vun de Lëtzebuerger Betriber ze stäerken. Den Institut de Formation Sectoriel du Bâtiment (IFSB) gouf 2002 gegrënnt, zënter 2007 ass en um aktuelle Site zu Beetebuerg. Bis Enn 2025 hunn, den Zuele vum IFSB no, ronn 100.000 Persounen eng Formation continue beim IFSB absolvéiert, wat 1,75 Millioune Formatiounsstonnen entsprécht.
Nieft der klassescher Weiderbildung wëllt d'Fondation BAU och weider un den Erausfuerderunge vun der Zukunft schaffen. Dem Vizepresident Christophe Thiry no stinn dräi Prioritéiten am Mëttelpunkt: de Secteur fir jonk Leit méi attraktiv maachen, d'Kompetenze vun de Salariéë weiderentwéckelen an d'Entreprisë bei Themen ewéi Digitaliséierung, kënschtlech Intelligenz an Dekarboniséierung begleeden.
D'Formatioun soll awer och hëllefen, dem Manktem u qualifizéiertem Personal entgéintzewierken. Nieft Salariéë géifen och Quereinsteiger a Leit, déi eng Aarbecht iwwert d’ADEM sichen, op Beruffer am Bausecteur virbereet ginn.
Genau sou wéi d'Missioun bleift dann och de Finanzement vun der Fondatioun dee selwechten, wéi dat fir d’ASBL de Fall war. De Secteur finanzéiert d'Formatiounen iwwer eng Cotisatioun vun 0,65 Prozent vun der Bruttoloun-Mass, zousätzlech gëtt de Formatiounszenter weider och vum Staat ënnerstëtzt.