D'Roll vum Papp am FokusFernand Kartheiser bedeelegt sech un Online-Kongress zu Moskau

RTL Lëtzebuerg
Den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser huet sech online un engem Kongress zu Moskau bedeelegt, deen d'Famill, d'Roll vum Papp an traditionell Wäerter an de Mëttelpunkt gestallt huet.
MEP Fernand Kartheiser pictured at the first Patriots Network conference in Paris on 2 May 2026.
Den EU-Deputéierte Fernand Kartheiser bei der éischter Konferenz vum "Patriots Network" den 2. Mee 2026 zu Paräis.
© JULIE SEBADELHA/AFP

Wéi et vun engem Spriecher vun der Duma, dem russesche Parlament, heescht, gouf de 26. a 27. Juni e Kongress zu Moskau ofgehalen, dee Representanten aus "Europa, Asien, Afrika, Nord- a Südamerika" zesummebruecht huet – an dorënner och de Lëtzebuerger Europadeputéierte vun der ADR, de Fernand Kartheiser. Wärend verschidde Leit fir de Kongress mam Numm "D'Welt brauch e Papp" op Moskau gereest sinn, hu sech anerer, sou wéi de Fernand Kartheiser, online bäigeschalt.

Mat dobäi waren och d'Martina Kempf an den Dr. Rainer Rothfuss, zwee AfD-Politiker aus dem däitsche Bundestag.

An engem Schreiwes gëtt de Kongress beschriwwen als ausgeriicht op "d'Stäerke vun der Famill als Institutioun, d'Promouvéiere vun der verantwortungsvoller Roll vum Papp, d'Protegéiere vun traditionelle spirituellen a moralesche Wäerter sou wéi och d'Protegéiere vu reliéiser Fräiheet".

De Lëtzebuerger Politiker gëtt och am Schreiwes zitéiert, dat mat der Ausso, datt dës Theeme souwuel am Oste wéi och am Weste vu grousser Wichtegkeet wieren a fir déi gemeinsam chrëschtlech Hierkonft stinn. Hie selwer wier virun iwwer 20 Joer an d'Politik gaangen, fir Pappen ze ënnerstëtzen, besonnesch am Fall vun enger Scheedung an dem Kontaktverloscht mat den eegene Kanner.

"Kanner brauchen absolutt hire Papp. Et ass wichteg, datt mer sécher ginn, datt Pappen, besonnesch gescheete Pappen, de Kontakt mat hire Kanner kënnen oprecht erhalen, an datt d'Gesetzer garantéieren, datt béid Elterendeeler kënnen de Kontakt halen", sou den Europadeputéierten.

Weider huet de Fernand Kartheiser säi Bedaueren ausgedréckt, datt Europa nach ëmmer duerch de Krich an der Ukrain gespléckt wier. Et misst méi op Diplomatie gesat ginn, fir den "arméierte Konflikt op en Enn ze bréngen a Liewen ze retten".

Communiqué zum Congress 'The World Needs a Father' zu Moskau.pdf

Back to Top
CIM LOGO